Wann e Museker et fäerdeg bréngt aus Punkrock, Reggea, Pop, Worldmusek oder esou elisabethianesch Kläng, weltwäit Nummer-1-Songs ze realiséieren, da kann ee wuel net méi just vun engem gewéinleche Museker schwätzen, mä an deem Fall geet vum Gordon Matthew Sumner riets, deen déi meescht wuel éischter als String kennen. De brittesche Museker dee säi Spëtznumm duerch en schwaarz-giel gesträifte Pullover krut, huet gëschter säi 75. Anniversaire gefeiert an dat wéi kéint et anescht sinn op der Bün, de Sting spillt nämlech a sengem Musical „The last ship“ am Theatre Royal Drury Lane zu London d‘Roll vum Jake White, engem Viraarbechter op enger Werft. An och haut wäert de Sting nach op där Londoner Bün stoen, éier et vun iwwermoar un mat sengem „Sting 3.0“-Tour a Kanada an an den USA weider geet.
Zanter iwwer 50 Joer ass de Sting musikalesch ënnerwee an en huet bis haut näischt u senger Freed an senger Virwëtzegkeet fir d‘Musek verluer. De Jean Claude Majerus bréngt iech dofir de Sting, wann dat iwwerhaapt néideg ass, a sengem Retomania vu haut méi no.