Retromania
Helmut Rahn: Den Held vu Bern
11 min
Et war virun allem ee Goal, deen den däitsche Fussballspiller Helmut Rahn onstierflech gemaach huet, ee Goal huet hien zu enger Legend, engem Mythos gemaach. An dee Goal huet den Helmut Rahn de 4. Juli 1954 zu Bern am Wankdorf Stadion an der 84. Minutt geschoss. Et war den 3-2 vun der däitscher Fussballnationalekipp géint Ungarn, an et war eng Sensatioun: Däitschland war Weltmeeschter, an den Helmut Rahn mat sengen zwee Goaler an der Finall en nationalen Held.
Et war och fir ganz Däitschland ee mol nees agreabelen Ament nom Enn vum Zweete Weltkrich.
Den Helmut Rahn, ee vun de Responsabele vum “Wunder von Bern” hätt am August dëst Joer 95 Joer kritt. Hie gouf de 16. August 1929 zu Essen gebuer, genee do, wou hien och de 14. August 2003, kuerz viru sengem 75. Gebuertsdag, gestuerwen ass.
Presentéiert vum
- Jean-Claude Majerus