Retromania
Elia Kazan: En ëmstriddene Cineast
8 min
Virun 115 Joer, de 7. September 1909 koum deen amerikanesche Cineast Elia Kazan zu Istanbul an der Tierkei op d’Welt. Mat Filmer wéi “A Streetcar Named Desire“, “Gentlemen’s Agreement“ an “East of Eden“ huet de Kazan Filmgeschicht geschriwwen. De Jong vu griicheschen Elteren huet am Laf vu senger Karriär vill Präisser gewonnen, dorënner net manner wéi 3 Oscaren. De Kazan huet a senge Film- a Bünewierker ëmmer nees sozial Mëssstänn an de Mëttelpunkt gestallt, an duerch hie goufen Acteure wéi Marlon Brando oder James Dean Weltstaren. Den Elia Kazan huet an den 1940er an 1950er Joren an den USA zu de bedeitendste Realisateuren am Film grad wéi am Theater gezielt. Mee seng Roll bei der sougenannter Hexejuegd op Kommunisten a supposéiert Kommunisten an den 1950er Jore war wuel eng kleng, mee net déi schéinst am Elia Kazan sengem Liewen.
Presentéiert vum
- Jean-Claude Majerus