Retromania
Caterina Valente: D'Ausnameartistin ass gestuerwen
10 min
Si war Sängerin, Dänzerin, Gittaristin, Actrice a Entertainerin, alles an enger Persoun.
Déi gebierteg Italieenerin, zu Paräis gebuer, ass, wéi Enn leschter Woch eréischt annoncéiert gouf, schonn den 9. September am Alter vun 93 Joer gestuerwen.
D’Caterina Valente hat international, mee besonnesch an Däitschland an de 1960er Joren grousse Succès. Si war eng villsäiteg Artistin, et gouf bal näischt, wat si net konnt. Esou hat d’Caterina Valente e musikalesche Repertoire, an deem bal all Museksgenre vertruede war, vun Jazz, Schlager a Pop, iwwer Musical a Chanson bis bei de Bossa Nova.
An ee besonneschen Don hat si nach, an zwar d‘Imitatioun mat hire Mond vun e sëllechen Instrumenter.
Eng mënschlech Säit vun der Caterina Valente war et, net egoistesch ze sinn an ëmmer dat weiderginn, wat ee kritt.
Presentéiert vum
- Jean-Claude Majerus