Retromania
Doris Lessing: Den Nobelpräis, e verdammten Desaster
8 min
Mat hirem Roman “The Golden Notebook” aus dem Joer 1962 ass déi brittesch Schrëftstellerin Doris Lessing praktesch op der ganzer Welt bekannt ginn.
Am Oktober 2007 krut Doris Lessing, deemools ëmmerhi schonn 88 Joer al, och de Literaturnobelpräis.
E Fluch an e Seege kann ee soen, well vun do u gouf de Numm Doris Lessing quasi nëmmen nach am Kontext vum Nobelpräis genannt, wat der Schrëftstellerin, an dat muss een esou soen, schwéier op d’Schlappe gaangen ass.
Am Léifste wollt d’Doris Lessing, déi nächst Woch en Dënschdeg, den 22. Oktober 105 Joer géif kréien, iwwert eppes net schwätzen, dat ass de Literaturnobelpräis.
Well zanter si “Dat Dengen” krut, wéi Doris Lessing de Nobelpräis genannt huet, huet si ëmmer mussen driwwer schwätzen, mee hiren Job war net schwätzen, hiren Job war d’Schreiwen.
De 17. November 2013 ass d’Doris Lesing mat 94 Joer gestuerwen, an de Jean Claude Majerus erënnert haut un déi bedeitend brittesch Schrëftstellerin a sengem Retromania.
Presentéiert vum
- Jean-Claude Majerus