Den 11 Mee 1981, e Mëttwoch waren et genee 45 Joer hir, datt am “New London Theatre” an der englescher Haaptstad London d’Welturopféierung vum Andrew Lloyd WEBBER sengem Musical “CATS”.
CATS hat als Musical net nëmme bis haut dee weltwäit gréisste Succès, et war och deen am längste gespillte Musical an et hätt deemools kaum een dru gedeucht datt den Andrew Lloyd Webber mat sengem Musiacl e komplett neit Kapitel an Entertaiment-Geschicht geschriwwen huet.
D’Skepsis war um Ufank zimmlech grouss, e Musical ouni richteg Geschicht op Basis vu Gedichter vum T. S. Eliot iwwert d’Sozialverhalen vu Kazen. Ass dat genuch fir Succès ze hunn? Jo, dat war genuch an eraus koum e Weltsuccès! D’Kombinatioun vun der Musek, der Inzenéierung an der Choreographie huet eng immersiv Welt geschaf, déi d’Mënsche weltwäit begeeschtere konnt.
De Soundtrack vu Cats huet Generatiounen markéiert an den Evergreen „Memory“ aus dem Musical gehéiert zu den am meeschte gespillten an am meeschte gecoverte Lidder an der Museksgeschicht.
Zu London gouf CATS wéi gesot vum 11 Mee 1981 bis den 11 Mee 2002 gespillt, am ganze waren dat ronn 8949 Virstellungen.
De Jean Claude Majerus kuckt am Retromania op 45 Joer Gekaatz zeréck.