100komma7.lu / Vital

/ Mir ginn un d’Mier an entdecke Blue Food - 1/6

Mir ginn un d’Mier an entdecke Blue Food - 1/6

Lauschteren play_arrow
on the headlines
headphones

4 min

Frësch Solen, Moules marinièren, Cocktail aux crevettes grises, bei deem Menu brauch een net laang ze roden: mir sinn op der belscher Plage. Si sinn eis Liblingsplaten an der Vakanz. An dëser Emissioun gesi mir, wéi mir solle Fësch a Mieresfriichte richteg eraussichen. Eng gutt Wiel fir eis eege Gesondheet an déi vum Planéit.

"Fësch a Mieresfriichte si räich un héichwäertegem Eewäiss a Fett, Jod a Spuerenelementer. An der gesonder Ernierung gëtt recommandéiert zweemol d’Woch Fësch ze iessen. Frësche Fësch ass kriddeleg, duerfir nom Akaf direkt an eng Killtäsch maachen, fir datt en och bis doheem frësch bleift.

Och wann en e bësse méi deier ass, wielt éischter e Fësch péché à la ligne wéi au chalut, bei deem d'Fësch mat Schleppnetzer gefaange ginn, vill Beifang ass a kostbar Liewensräim zerstéiert ginn.

Grad wéi Uebst a Geméis gëtt et och bei de Fësch a Mieresfriichten eng Saison. E Fësch, deen an der Saison ass, huet eng optimal Zesummesetzung an e gudde Geschmaach. Et gëtt och ausserhalb der Läichzäit gefaangen, dat ass wichteg fir de Bestand vun de Fësch ze schützen. Elo am Summer sinn zum Beispill Makréil, Lotte, Colin oder Sardinnen an der Saison.

Fir Wëllfësch a Fësch aus Ziichtereie ginn et Sigelen, Marine Stewardship Council, kuerz MSC genannt, an ASC, dat steet fir Aquaculture Stewardship Council. Si garantéieren eng ëmweltfrëndlech Fëscherei, bei där d’Ressourcen aus de Mierer, Séien a Flëss geschount ginn". Esou de Rot vun der Ernärungsberoderin Lis Muller


Referenzen:

Ducasse, A., & Neyrot, P. (2011). Nature simple, sain et bon / Mers et océans pêche responsable. Alain Ducasse

https://asc-aqua.org/about-asc

https://www.msc.org/for-teachers/teach-learn-about-ocean-sustainability

Orieux, G. (2025). Cuisiner la mer - Editions de la Martinière

Santé, C. S. (2025, juin 17) https://www.hgr-css.be/fr/avis/9805-9807/recommandations-alimentaires-pour-la-population-belge-2025

mic_none

Presentéiert vum

Episoden

Méi Power duerch Vollkarprodukter | © gorchittza2012 / Bigstock

Méi Power duerch Vollkarprodukter

Kleng Ännerungen am Alldag fir e groussen Impakt op eis Gesondheet: Vollkarräis - 9/9
headphones

4 min

play_arrow
Méi Power duerch Vollkarprodukter | © mylitleye / Bigstock

Méi Power duerch Vollkarprodukter

Kleng Ännerungen am Alldag fir e groussen Impakt op eis Gesondheet: Quinoa - 8/9
headphones

4 min

play_arrow
Méi Power duerch Vollkarprodukter | © Alexandr Shyripa / Bigstock

Méi Power duerch Vollkarprodukter

Kleng Ännerungen am Alldag fir e groussen Impakt op eis Gesondheet: Hirse - 7/9
headphones

4 min

play_arrow
Méi Power duerch Vollkarproduiten | © Irina Sokolovskaya / Bigstock

Méi Power duerch Vollkarproduiten

Kleng Ännerungen am Alldag fir e groussen Impakt op eis Gesondheet: Wëllkar - 6/9
headphones

3 min

play_arrow
Méi Power duerch Vollkarproduiten | © Ferumov / Bigstock

Méi Power duerch Vollkarproduiten

Kleng Ännerungen am Alldag fir e groussen Impakt op eis Gesondheet: Huewer -5/9
headphones

4 min

play_arrow
Méi Power duerch Vollkarproduiten | © Ange1011 / Bigstock

Méi Power duerch Vollkarproduiten

Kleng Ännerungen am Alldag fir e groussen Impakt op eis Gesondheet: Bulgur a Couscous - 4/9
headphones

4 min

play_arrow
Méi Power duerch Vollkarproduiten | © marilyna / Bigstock

Méi Power duerch Vollkarproduiten

Kleng Ännerungen am Alldag fir e groussen Impakt op eis Gesondheet: Miel a Brout - 3/9
headphones

4 min

play_arrow
Méi Power duerch Vollkarproduiten | © stephconnell / Bigstock

Méi Power duerch Vollkarproduiten

Kleng Ännerungen am Alldag fir e groussen Impakt op eis Gesondheet: Déi gutt Balance - 2/9
headphones

5 min

play_arrow
Méi Power duerch Vollkarproduiten | © Hannamariah / Bigstock

Méi Power duerch Vollkarproduiten

Kleng Ännerungen am Alldag fir e groussen Impakt op eis Gesondheet : Firwat si se gesond? - 1/9
headphones

4 min

play_arrow
Gesond früstücke fir e gudde Start an den Dag - 7/7 | © Bigstock

Gesond früstücke fir e gudde Start an den Dag - 7/7

E gesond Moiesiessen - vun der Theorie an d‘Praxis
headphones

5 min

play_arrow
Gesond früstücke fir e gudde Start an den Dag - 6/7 | © Bigstock

Gesond früstücke fir e gudde Start an den Dag - 6/7

Kulinaresches aus aller Welt op Ärem Brunch : Smörrebröd, Pho oder Rüblimuffin
headphones

4 min

play_arrow
Gesond früstücke fir e gudde Start an den Dag - 5/7 | © Bigstock

Gesond früstücke fir e gudde Start an den Dag - 5/7

Eng gutt Botterschmier mat Gebeess, Kéis oder Ham
headphones

4 min

play_arrow
Gesond früstücke fir e gudde Start an den Dag - 4/7 | © Bigstock

Gesond früstücke fir e gudde Start an den Dag - 4/7

Spigelee, haart gekachtent Ee oder Eeërtriwwel mat Speck ...
headphones

3 min

play_arrow
Gesond früstücke fir e gudde Start an den Dag - 3/7 | © Bigstock

Gesond früstücke fir e gudde Start an den Dag - 3/7

Téi, Schoki, Kaffi oder Cappuccino ...: Villerlee waarmt Gedrénks aus aller Welt um Kaffisdësch
headphones

4 min

play_arrow
Gesond früstücke fir e gudde Start an den Dag - 2/7 | © Bigstock

Gesond früstücke fir e gudde Start an den Dag - 2/7

Pancakes for breakfast
headphones

4 min

play_arrow
Gesond früstücke fir e gudde Start an den Dag - 1/7 | © Bigstock

Gesond früstücke fir e gudde Start an den Dag - 1/7

Müsli a Co
headphones

4 min

play_arrow

Eng Rees an d'Welt vun de Leguminosen - 3/3

Eng Rees an d'Welt vun de Leguminosen - 3/3

Falafel, Aquafaba oder Humus: Kicherierbesse bréngen en Hauch vun Exotik op de gesonden Teller.
headphones

5 min

play_arrow
Eng Rees an d'Welt vun de Leguminosen - 2/3 | © Bigstock

Eng Rees an d'Welt vun de Leguminosen - 2/3

Entdeckt gedréchent Bounen aus aller Welt, vun der Entrée bis bei den Dessert.
headphones

5 min

play_arrow
Eng Rees an d'Welt vun de Leguminosen - 1/3 | © Bigstock

Eng Rees an d'Welt vun de Leguminosen - 1/3

De Kaviar vun de Leguminosen: d’Belugalënsen
headphones

5 min

play_arrow