Dier Äscht, doudeg Krounen a verdréchent Blieder: De Bësch huet dëse Summer staark ënner der Hëtzt gelidden. Am éischten Zeenewiessel Portrait kucke mir engem jonke Fierschter iwwer d’Schëlleren. De Cédric Farinon ass a sengem Alldag konstant domadder konfrontéiert, datt Beem krank sinn oder stierwen. Hie gesäit de Bësch awer net als Patient, mee als een Ierwen, dat iwwer Joerhonnerte weider gereecht gëtt. Seng Léift fir de Bësch huet de Cédric och geierft. Vu sengem Papp, dee rezent gestuerwen ass.
Realisatioun, Opnam, Montage a Mix: Jamie Reinert.
Zeenewiessel gëtt produzéiert vum Pia Oppel. Mat der Ënnerstëtzung vum Jo Diseviscourt, Ingo Dumlich, Jean-Claude Franck, Anke Meiser, Yves Stephany an Tessy Troes.
Fir Froen a Feedback: doku@100komma7.lu