arrow_back_ios
Klassik Aktuell
Éisträich, Italien, Argentinien
headphones
8 min
Lauschteren
play_arrow
Wolfang Amadeus Mozart, Nino Rota an Astor Piazzolla: Dräi Komponisten aus dräi verschiddene Länner, déi an dräi ganz verschiddene Stiler doheem sinn. Trotzdeem ginn dës dräi Stiler bei der Serie "Enseignants sur scène" vum Conservatoire du Nord combinéiert. De Sébastien Duguet, d'Amélie Dendal an de Moritz Reutlinger invitéieren e Mëttwoch 22. Mee nämlech op eng musikalesch Reess vun Éisträich, iwwer Italien, bis an Argentinien.
De Luc Boentges huet mam Cellist Moritz Reutlinger iwwer dëse Concert geschwat.
mic_none
Presentéiert vum
- Luc Boentges