D’Gesiicht vun der Stad mat senge Verännerungen uechtert d’Zäit dokumentéieren: dat ass d’Missioun vun der Stater Fotothéik op der Cloche d’or. Zanter ewell ronn 40 Joer bedeit dat net nëmmen déi 7 Millioune Fotoen an Negativer aus der hausinterner Sammlung aartgerecht ze archivéieren, mee se och dem breede Public zougänglech ze maachen. Zum Beispill am Summer mat enger thematescher Foto-Expo am Cercle Cité. “Put it on! Le Luxembourg s’habille” ass se déi Kéier iwwerschriwwen. An d’Kerstin Thalau hëlt Iech elo mat op eng Visitt derduerch, zesumme mat der Fotothéik-Responsabeler Gaby Sonnabend an dem Fotograf vun der Institutioun, de Christian Aschman.
arrow_back_ios
Kultur
Der Fotothéik hir traditionell Summer-Expo dréit den Titel “Put it on!”
headphones
20 min
Lauschteren
play_arrow

Episoden
D'Wuert "Wuert"
De Jean Portante stellt eis d'Wuert vun der Woch vir.
Beim Maale Gars ass alles nei
De leschte Freideg huet den Thomas Roland, dee Mann, dee Museksfrënn hei zu Lëtzebuerg als Maale Gars kennen, seng nei Single "Alles Nei" erausbruecht.
Musikalesch Begéinungen
Och wann de Festival CinEast de Kino am Numm huet, esou gëtt et am Programm nach vill méi ze entdecken: eng ganz Rei Concerten zum Beispill.
De Salon vun der Helen Buchholtz
D'Helen Buchholtz (1877-1953) war eng talentéiert Komponistin, wat déi Zäit allerdéngs net unerkannt gouf. Mee vläicht elo bei Esch2022?
Genialitéit a Goût
Haut (6.10.) verréit déi schweedesch Akademie, wiem de Literaturnobelpräis iwwerreecht gëtt.
Backseller RadiOdyssee #Hit the road
Watfir en Effet huet d'Reesen, eng Kënschtlerresidenz, op d'Erzielkonscht? Dat war de Sujet vun eiser éischter RadiOdyssee no der Rentrée.
Op Spuenesch kléngt et besser
Yawners heescht d'Band vun der spuenescher Musekerin Elena Nieto, déi haut den Owend de Sound vun den 90er an de Gudde Wëllen bréngt.
