Radioen

On air

Notturno  |  Field Music - The Noisy Days Are Over

play_arrow Live
100komma7.lu / Kultur

/ Ravel + am CAPE

Ravel + am CAPE

headphones

9 min

Lauschteren play_arrow

De Pianosfestival vum CAPE setzt all Joer Komponist:innen an de Mëttelpunkt. Dëst Joer gëtt dem Maurice Ravel säin 150. Gebuertsdag gefeiert. Wärend véier Owender gi vum 30. Januar bis den 2. Februar Stécker vum franséische Komponist vun 8 Pianist:innen opgefouert. Am Kader vum Pianosfestival Ravel + spillt d'Cathy Krier dëse Samschden, 1. Februar e Programm mat a ronderëm D'Musek vum Ravel. De franséische Komponist huet eng besonnesch Bedeitung fir d'Pianistin. Op hirem leschten Album hat si scho Gaspard de la nuit interpretéiert. Si erzielt ënner anerem iwwer de roude Fuedem vum Programm a wat si un der Musek vum Ravel esou begeeschtert. Dat besonnescht ass, datt de Pianosfestival Ravel + sech net nëmmen em de Maurice Ravel a seng Kompositiounen dréint, verréit d'Ana Maria Tzekov, artistesch Direktesch vum CAPE.

Episoden

Fënnef Bicher a véier Sproochen

De Jury vum Servais-Präis huet d'Shortlëscht mat de Buchtitele fir de Prix Servais 2021 publizéiert.

Déi strategesch Bedeitung vu Lëtzebuerg ënner den Habsburger

Déi nei Nummer vun der Zäitschrëft Hémecht (2021/1) setzt hire Schwéierpunkt mat Bäiträg iwwer d'Lëtzebuerger Geschicht am 18. Joerhonnert.

Wéi demokratesch sinn ech?

Zanter leschtem Weekend ass am Neimënster eng nei Ausstellung vum Zentrum fir Politesch Bildung (ZpB) ze gesinn.

100. Gebuertsdag Dirk Bogarde

Den 28. Mäerz 1921 koum dee britteschen Acteur Dirk Bogarde zu London op d'Welt.

100. Gebuertsdag Dirk Bogarde

Den 28. Mäerz 1921 koum dee britteschen Acteur Dirk Bogarde zu London op d'Welt.

De Rido op fir d'Theaterfederatioun

Keng Theaterdeeg, dofir presentéiert sech d'Theaterfederatioun um virtuelle Wee.

DKollage mam DKollektiv

E kreativen, multidisziplinairen a partizipative Chantier: den DKollektiv hat DKollage um Site vum fréiere Laminoire vun Diddeleng.

Internationalen Dag vum Theater - Gëtt et eppes ze feieren?

Wéi geet et dem Lëtzebuerger Theater? E Gespréich mam Claude Mangen, President vun der Theaterfederatioun

Den DTail vum DKollektiv sengem DKollage

E kreativen a partizipativen Chantier: den DKollektiv huet den DKollage um Site vum fréiere Laminoire vun Diddeleng lancéiert.

Lëtzebuerger an der Friemelegioun

Wie waren déi Legionären, déi fir Frankräich am Éischte Weltkrich gekämpft haten? Virun enger grousser Ausstellung ass elo e Sammelband zu deem Sujet eraus.

D'Œuvre œuvréiert fir Tiers-Lieux culturels 2022

De Constat vun der Œuvre: "Lëtzebuerg brauch Tiers-Lieux culturels, wou de kreativen Echange no bannen an no bausse grouss geschriwwe gëtt".

Den PEN/Manheim Award for Translation fir de Pierre Joris

De Lëtzebuerger Dichter a Literaturiwwersetzer gouf elo mam PEN/Manheim Award for Translation fir säi Gesamtwierk vun Iwwersetzungen ausgezeechent.

Kultur:LX

Zanter siwe Woche schaffen déi zwou Coordinatricen Valérie Quilez an Diane Tobes um Projet vum Export vun der Lëtzebuerger Kultur.

Kultur:LX

Zanter siwe Woche schaffen déi zwou Coordinatricen Valérie Quilez an Diane Tobes um Projet vum Export vun der Lëtzebuerger Kultur.

D'Expo "Landrush" ass net an der Hetz entstanen

Komplex Sujete bannent Stonnen zu News verschaffen? Nee: d'Frauke Huber an den Uwe Martin huele sech als Slow-Journalists déi néideg Zäit.

Filmkritik: "Sentinelle" (Netflix)

Nodeems hir Schwëster vun engem russeschen Oligarch schlëmm vergewaltegt gouf, hëlt eng traumatiséiert Zaldotin d'Heft selwer an d'Hand ...

Ça gaze: de Ponx vu cooperationsART

Graffiti huet dem Sprayer a Writer Ponx sengem Liewe virun zwee Joer neien Driff ginn. Dowéinst Ponx, nom "Phoenix aus den Äschen".

Buchkritik - Nathalie Ronvaux: "Le Chesterfield du cinquième"

Kuerze Roman iwwer Léift oder Frëndschaft, déi keng zäitlech Limitte kennen. Dëse cleveren Exercice de style ass vläicht e bëssen ze theoretesch ausgefall.

Voix Moi - Danzprojet

D'Corona-Pandemie war besonnesch fir Jugendlecher a Senioren iwwer 75 Joer schlëmm. E Lëtzebuerger Danz-Kollektiv bréngt déi zwou Altersgruppen zesummen.

A Colonia Luxemburguesa

D'Presenz vun der Arbed um Ufank vum 20. Joerhonnert a Brasilien