De Pianosfestival vum CAPE setzt all Joer Komponist:innen an de Mëttelpunkt. Dëst Joer gëtt dem Maurice Ravel säin 150. Gebuertsdag gefeiert. Wärend véier Owender gi vum 30. Januar bis den 2. Februar Stécker vum franséische Komponist vun 8 Pianist:innen opgefouert. Am Kader vum Pianosfestival Ravel + spillt d'Cathy Krier dëse Samschden, 1. Februar e Programm mat a ronderëm D'Musek vum Ravel. De franséische Komponist huet eng besonnesch Bedeitung fir d'Pianistin. Op hirem leschten Album hat si scho Gaspard de la nuit interpretéiert. Si erzielt ënner anerem iwwer de roude Fuedem vum Programm a wat si un der Musek vum Ravel esou begeeschtert. Dat besonnescht ass, datt de Pianosfestival Ravel + sech net nëmmen em de Maurice Ravel a seng Kompositiounen dréint, verréit d'Ana Maria Tzekov, artistesch Direktesch vum CAPE.
arrow_back_ios
Kultur
Ravel + am CAPE
Lauschteren
play_arrow
headphones
9 min
Episoden
Filmkritik: No Other Land
E politeschen Documentaire iwwer de palästinensesche Widderstand géint déi israeelesch Koloniséierung am Westjordanland.
Bach in the Subways 2025
Den 21. Mäerz gëtt weltwäit dem grousse Barockkomponist säi Gebuertsdag gefeiert - och hei zu Lëtzebuerg.
Out of the Crowd 2025: Déi Zwanzegst!
Besonnesch fir d’Frënn vun onofhängeger Rockmusek ass den Out of the Crowd Festival, zanter 20 Joer an der Escher Kulturfabrik vum Schalltot Kollektiv organiséiert, den éischte grousse Rendez-vous vum Joer.
Um Radar - ënner der Woch
Den Nicolas Calmes aktivéiert säi Radar a verréit Iech, war Dir ënner der Woch net verpasse sollt - a geheit zesumme mam Jo Welfringer ee Bléck op den immersive Pavillon an Neimënster.
Ee Concert mam Kreisler Quartett
2009 zesummegedoen, spillt de Kreisler Quartett gréisstendeels Concerten zu Lëtzebuerg. Den Ensembel besteet aus Musekerinnen a Museker vun de Lëtzebuerger Philharmoniker.
D’Néckel Scholtus versicht mat der Kamera d’Realitéit ze spieren
E fotografeschen Homage un de Papp via d’Natur
Um Radar - de Weekend
Den Nicolas Calmes aktivéiert säi Radar a verréit Iech, war Dir de Weekend net verpasse sollt.
Luxfilmfest (6)
De Michel Delage a Jeff Schinker maachen de Point vum Luxembourg City Filmfestival.
Catch Music Festival
Vum 14. bis 16. Mäerz ass déi 4. Editioun vum Kammermuseksfestival Catch Music Festival am Centre Culturel zu Bouneweg.
Theaterkritik: Vreckvéi
Der Elise Schmit hir Iwwersetzung vum Simon Longman sengem "Gundog" leeft an enger Inzenéierung vum Max Jacoby am Mierscher Theater.
Luxfilmfest (5)
Beschwat ginn déi 2 Fiktiounsfilmer "The Village Next to Paradise" an "Hanami" an den Documentaire "Invention".
Literaresch Kläng
Ënner dem Motto Sons littéraires initiéiert d'Harfenistin Dina Nimax e Concert dëse Freideg am Mierscher Theater.
"Poison" an "On Falling"
Zwee Filmer, déi um LuxFilmFest gewise ginn.
Neie Marsch fir den zukünftege Grand-Duc gesicht
Am Kader vum Trounwiessel am Oktober 2025 gëtt no engem neie Marsch zu Éiere vum neie Groussherzog Guillaume gesicht.
Wat huet d'Expo "Monsieur Steichen" mam Edward Steichen ze dinn?
D'Lisa Oppenheim huet dem Edward Steichen seng verworfen Iddien opgegraff.
Filmkritik: "Mickey 17"
D'Ekipp vum Grousse Kino huet dem Koreaner Bong Joon-ho seng nei Science Fiction-Satire ënner d'Lupp geholl.
"Ech hunn eigentlech alles geléiert bei Lucilin"
Dat seet de laangjärege Member a Pianist Pascal Meyer am Zesummenhang mat zäitgenëssescher Musek. Schüler aus dem Ettelbrécker Conservatoire kréien och d'Méiglechkeet fir méi Erfarung mat neier Musek ze sammelen. United Instruments of Lucilin spillt
LuxFilmFest (2): D'Filmer vum Weekend ënner der Lupp
"The New Year That Never Came" vum Bogdan Mureşano, "Kontinental 25" vum Radu Jude an "Home Game" vun der Lidija Zelovic
Um Radar - ënner der Woch
Den Nicolas Calmes aktivéiert säi Radar a verréit Iech, wat Dir ënner der Woch net verpasse sollt.