Radioen

On air

Tockcity  |  Parcels - Safeandsound

play_arrow Live
100komma7.lu / Kultur

/ Rentrée littéraire: "Bristol" vum Jean Echenoz

Rentrée littéraire: "Bristol" vum Jean Echenoz

headphones

8 min

Lauschteren play_arrow
on the headlines

Deen 18. Roman vum Jean Echenoz ass, wéi vum Auteur gewinnt, verspillt, ironesch a verdaamt gutt geschriwwen. Hei geet et ëm ee mëttelméissege Cineast, deen en Abenteurfilm an Afrika soll dréien an dobäi eng onbekannt Schauspillerin muss casten, an déi hie sech och nach verkuckt. Wat et mam Mann op sech huet, deen direkt am éischte Saz plakeg aus enger Fënster fält, gëtt een dobäi vläicht gewuer - wien den Echenoz kennt, weess, datt dat awer am Endeffekt e bëssen egal ass, well hei déi wansinneg geschlaffe Sprooch am Zentrum steet. De Jeff Schinker huet d'Buch gelies a gëtt eis en Abléck an d'Welt vum Jean Echenoz.

mic_none

Presentéiert vum

Episoden

En Neiufank bei/fir RadiOdyssee

De Sujet Neiufank ass warscheinlech esou al wéi d'Mënschheet: an der traditioneller Erzielkonscht ass en all Zäit gutt vertrueden.

Kënschtlech Intelligenz a Glawenssystemer

Asien an de Westen hunn net dee selwechte Bezuch zur Kënschtlecher Intelligenz. Al Glawensmustere beaflossen déi verschidden Approchen.

"Gudden Appetit" op der Schmelz: den Digestif

Bei "Gudden Appetit" handelt et sech ëm e Kachbuch, dat d'Iesskultur op der Schmelz historesch, awer och spilleresch, thematiséiert.

The Museum Project am MNHA

Mat generéisen Done soen eng Dosen amerikanesch Fotokënschtler als "The Museum Project" Kulturhaiser Merci, déi d'Fotografie ënnerstëtzen.

"Gudden Appetit" op der Schmelz: den Dessert

23 min

play_arrow

Felicitas Hoppe am Gespréich

Déi renomméiert däitsch Schrëftstellerin war virun engem Mount am IPW hiren neie Roman "Die Nibelungen. Ein deutscher Stummfilm" virstelle komm.

Filmkritik: "Don't Look Up'' (Netflix)

De Leonardo DiCaprio an d'Jennifer Lawrence als Wëssenschaftler, déi de Komet gesi kommen. Mee keen hëlt si eescht ... Eng Kritik vum Michel Delage

De literareschen Nerd vun Tréier

Hanner dem Instagram-Account "literarischernerd" verstoppt sech de Blogger Florian Valerius.

Buchkritik: Gast Groeber - "Nuetsfuerer" (Op der Lay)

Déi däischter Vergaangenheet vun engem Éisleker Duerf aus der Siicht vun engem bäigepraffte Stater Hobbyschrëftsteller.
Michael Maar am Gespréich

Michael Maar am Gespréich

Mat sengem Roman "Die Schlange im Wolfspelz" huet den däitsche Germanist, Literaturkritiker a Schrëftsteller e grousse Publikum erreecht.
headphones

7 min

play_arrow

Buchkritik: Gast Groeber - "Nuetsfuerer" (Op der Lay)

Déi däischter Vergaangenheet vun engem Éisleker Duerf aus der Siicht vun engem bäigepraffte Stater Hobbyschrëftsteller.

Le ghetto de Litzmannstadt - aux portes de la mort

An der Villa Pauly ass eng Ausstellung iwwer de Ghetto a Polen, wou och Lëtzebuerger Judden deportéiert goufen.