Deen 18. Roman vum Jean Echenoz ass, wéi vum Auteur gewinnt, verspillt, ironesch a verdaamt gutt geschriwwen. Hei geet et ëm ee mëttelméissege Cineast, deen en Abenteurfilm an Afrika soll dréien an dobäi eng onbekannt Schauspillerin muss casten, an déi hie sech och nach verkuckt. Wat et mam Mann op sech huet, deen direkt am éischte Saz plakeg aus enger Fënster fält, gëtt een dobäi vläicht gewuer - wien den Echenoz kennt, weess, datt dat awer am Endeffekt e bëssen egal ass, well hei déi wansinneg geschlaffe Sprooch am Zentrum steet. De Jeff Schinker huet d'Buch gelies a gëtt eis en Abléck an d'Welt vum Jean Echenoz.
arrow_back_ios
Kultur
Rentrée littéraire: "Bristol" vum Jean Echenoz
headphones
8 min
Lauschteren
play_arrow

mic_none
Presentéiert vum
- Jeff Schinker
Episoden

Kulturagenda - De Weekend
Den Nicolas Calmes féiert eis duerch d'Kultur-Highlights vum Weekend.

Shogun
14 Emmyen huet d'Serie dës Woch gewonnen. Wat ass esou gutt un dëser Serie?

Pieces of a Dream
Eng Kompositioun, ee Komponist an dräi jonk Museker: um Vibrafon de Lëtzebuerger Perkussionist Christoph Sietzen

Ass Linkin Park nach Linkin Park?
Vum Point zéro bis elo: wat léisst sech aus der Bandgeschicht iwwer den aktuelle Line-Up erschléissen?

Déi lëtzebuergesch Kënschtlerin Justine Blau bei Tartu 2024
"Missing": eng Gruppenexpo mat der Justine Blau an der Europäescher Kulturhaaptstad Tartu

À ta mort, ce sera à moi
Eng italiensch BD vum Zerocalcare
Kultur an der Peripherie (1) Am Gespréich mat der Teena Lange
Déi kënschtleresch Leederin vu Spektrum zu Rëmeleng. mat där rieds geet iwwer Kultur am Süden an iwwer ee ganz besonnesche Programm vun der Journée du patrimoine.

Déi nei Saison am TNL
Am Gespréich mam TNL-Dramaturg Florian Hirsch
"Endless Rüttenscheid" vun International Music a "Wir waren hier" vun Die Nerven
Zwou däitschsproocheg Indierock-Placken an der Rezensioun

Ryvage um Eurosonic
Fir d’Editioun vun 2025, déi vum 15. bis den 18. Januar ass, ass d’Recommandatioun vun der 100,7-Museksredaktioun op den elektronesche Museker Ryvage gefall.

Theaterfest
Am Gespréich mam Sascha Dahm, President vun der Theater Federatioun
Filmkritik - "Tatami" vum Guy Nattiv an der Zar Amir Ebrahimi
En israeelesch-iranesche Film iwwer eng Judo-Kämpferin, déi sech géint de repressive Regimm vun hirem Land wiert.

De Kulturagenda
Wat leeft dës Woch zu Lëtzebuerg kulturell?

Booker Prize (3) - Headshot vun der Rita Bullwinke

Fräiheetsconcert vu Beetebuerg
D'Militärmusek invitéiert zesumme mam Amstel Quartet op ee Fräiheetsconcert zu Huncheréng.
Rentrée littéraire (1): "Le club des enfants perdus" vun der Rebecca Lighieri
Ee spannende Roman iwwer eng Schauspiller-Koppel an de Club 27
Rentrée littéraire (1): "Le club des enfants perdus" vun der Rebecca Lighieri
Ee spannende Roman iwwer eng Schauspiller-Koppel an de Club 27

Die Mausis - In einem blauen Mond
Eis Albumrezensioun vun der Woch
