Deen 18. Roman vum Jean Echenoz ass, wéi vum Auteur gewinnt, verspillt, ironesch a verdaamt gutt geschriwwen. Hei geet et ëm ee mëttelméissege Cineast, deen en Abenteurfilm an Afrika soll dréien an dobäi eng onbekannt Schauspillerin muss casten, an déi hie sech och nach verkuckt. Wat et mam Mann op sech huet, deen direkt am éischte Saz plakeg aus enger Fënster fält, gëtt een dobäi vläicht gewuer - wien den Echenoz kennt, weess, datt dat awer am Endeffekt e bëssen egal ass, well hei déi wansinneg geschlaffe Sprooch am Zentrum steet. De Jeff Schinker huet d'Buch gelies a gëtt eis en Abléck an d'Welt vum Jean Echenoz.
arrow_back_ios
Kultur
Rentrée littéraire: "Bristol" vum Jean Echenoz
headphones
8 min
Lauschteren
play_arrow

mic_none
Presentéiert vum
- Jeff Schinker
Episoden
Ee vun de gréisste franséische Festivallen, virun der Hausdier
Fir ee klengen Iwwerbléck iwwer ee kolossale Line-Up, deen desen DOnneschde lasgepaff gëtt, huet de Marc Clement aus der Museksredaktioun sech mat engem vun de Festivaldirekteren, dem Cédric
Kennt Dir d'polnescht Gendering?
An hirer Literatur begéint d'Ann Cotten der Gendering-Debatt mat Ironie.
