Deen 18. Roman vum Jean Echenoz ass, wéi vum Auteur gewinnt, verspillt, ironesch a verdaamt gutt geschriwwen. Hei geet et ëm ee mëttelméissege Cineast, deen en Abenteurfilm an Afrika soll dréien an dobäi eng onbekannt Schauspillerin muss casten, an déi hie sech och nach verkuckt. Wat et mam Mann op sech huet, deen direkt am éischte Saz plakeg aus enger Fënster fält, gëtt een dobäi vläicht gewuer - wien den Echenoz kennt, weess, datt dat awer am Endeffekt e bëssen egal ass, well hei déi wansinneg geschlaffe Sprooch am Zentrum steet. De Jeff Schinker huet d'Buch gelies a gëtt eis en Abléck an d'Welt vum Jean Echenoz.
arrow_back_ios
Kultur
Rentrée littéraire: "Bristol" vum Jean Echenoz
headphones
8 min
Lauschteren
play_arrow

mic_none
Presentéiert vum
- Jeff Schinker
Episoden
Wuert vun der Woch: Alphabet
"Aleph" kënnt aus dem Phenizeschen a bedeit Ochs; a "beth" Haus. De Jean Portante weess, wéi aus dem Ochsenhaus d'Alphabet entstanen ass.
Op der Sich no de musikalesche Wuerzelen
Flamenco, Jazz, Folk - all dës Aflëss fënnt een an der Musek vum Duo Triana y Luca, déi dëse Mount eng nei Single mam Titel "Raíz" virgestallt hunn.
Le Banquier anarchiste
Am Escher Theater gëtt eng Adaptatioun vum Fernando Pessoa senger Novell gewisen.
Musikalescht Kenneléieren
De Reset Jazz Festival bitt Museker:innen aus verschiddene Länner d'Geleeënheet, sech am Kader vun der Abbaye de Neumünster ze begéinen.
Filmfestival Max Ophüls Preis
De Filmfestival Max Ophüls Preis zu Saarbrécken gëllt als de wichtegsten Nowuess-Filmfestival am däitschsproochege Raum.
Live Vinyl-Opnam vu Bartleby Delicate mat Release-Concert
D'Opnam vun engem Owend am Februar 2022 an der Philharmonie, dee Bartleby Delicate and Friends iwwerschriwwe war, als Vinyl an engem Release-Concert an de Rotonden
"Literaturwiesen zu Lëtzebuerg ass en Trümmerhaufen"
, seet den Editeur, Literaturwëssenschaftler a Schrëftsteller Ian De Toffoli op den Assise vum Buch.
Vun der zweeter Stëmm an déi éischt Rei
Eng eemoleg Stëmm an e schwierege Charakter: mam David Crosby stierft eng vun de grousse Figure vun der amerikanescher Rock- a Folkmusek.
