Wäiss, wollen Déier am Wäibierg? Jo, Dir gesitt richteg. Laanscht d’Musel ginn ëmmer méi Schof als natierlech Alternativ zu Maschinnen an Herbizid agesat. Op knapp 15 Hektar Wéngerten uechter d’Museldall grasen d’Déieren. Dat Ganzt ass Deel vun engem Fërderprogramm, deen de SIAS zesumme mat der Regierung ausgeschafft huet. Och an de Wéngerte vum Domaine Aly Duhr zu Ohn sinn eng 40 Schof am Asaz a këmmere sech ëm d’Onkraut.
arrow_back_ios
Moiesstudio
Schof an de Wéngerten
headphones
5 min
Lauschteren
play_arrow

(Foto: picture alliance / imageBROKER | Ulrich Rosenschild)
Episoden
Neit Gebai Lycée privé Emile Metz
Haut (26.2.) ass d'Aweiung zu Déifferdeng, um zweete Site vun der Schoul (nieft Dummeldeng). Explikatioune vum Direkter Pascal Thill

Laurent Zeimet: "Beim Konflikt an der Ukrain geet et och ëm eis Fräiheet"
Dat behält den CSV-Député-Maire vu senger éischter Visitt an d'Krichsland zeréck.

Jugendwunnen: eng Hëllef fir op eegene Been ze stoen
De Service national de la jeunesse (SNJ) geréiert schonn ee Projet, dee Jonken, déi net méi doheem kënne wunnen, eng Stäip bitt. Elo gëtt de Projet ausgeweit. Wat geplangt ass, froe mir d'Directrice adjointe vum SNJ.

Presentatioun Polindex-Etüd iwwer Zoustand vun eiser Demokratie
An der Chamber gouf gëschter d'Etüd Polindex 2024 virgestallt: Si hat den Zoustand vun eiser Demokratie als Theema an huet zum Deel beonrouegend Äntwerten op Froe wéi: Ass d'Demokratie déi bescht Regierungsform? geliwwert.
Is That What You Want?
Eng Protestaktioun vu brittesche Musekerinnen a Museker géint de Projet vun der Regierung, KI-Entreprisen Droit-d'auteuren ze erloossen.

Sträit am Policesyndikat
D'Ex-Presidentin Marlène Negrini äntwert hirem Virgänger Pascal Ricquier op d'Reprochen, déi deen hir gëschter am 100,7-Interview gemaach hat.
Dat bréngt den Dag
Eng Auslands-Aarbechtsvisitt vum Premier, eng Etude iwwer den Impakt vum Fluchhafe lux-Airport an de Quality of Work Index
Eng ukrainesch Famill zu Lëtzebuerg
Gëschter war den 3. Joresdag vum russeschen Ugrëff op d’Ukrain. Ronn 4.000 Flüchtlinge koumen zanterhier op Lëtzebuerg, fir hei ze liewen. Ee vun hinnen ass d’Juliya.

Digital Verméigenswäerter ginn ëmmer méi populär
An enger Etude vu PWC iwwer Krypto-Assets hei am Land hunn 71 Prozent vun de Befroten uginn, datt dës Zort vu Fongen an Zukunft méi intressant wäerte ginn. Wat mécht si esou interessant?

Wat ass elo vun der AFD ze erwaarden?
E bessert d'Resultat bedeit och am Bundestag: méi Suen a méi Riedenszäit. Wat wäert d'AFD doraus maachen? An hëlt d'Partei elo just Ulaf fir 2029 nach besser ofzeschneiden? Froen un d'Politologin Anna-Sophie Heinze
Huet den Eifeler Deputéierte Patrick Schnieder méi grouss Ambitiounen?
An Däitschland leeft alles op eng Koalitioun tëschent CDU/CSU an der SPD eraus. Een dee ganz sécher och déi nächst Jore vill Zäit am Berliner Bundestag wäert verbréngen ass den CDU-Mann aus der Eifel Patrick Schnieder.

Gëtt d'Zukunft vun der Ukrain ouni Kiew entscheet?
Déi Fro stoung um 3. Joresdag vum Ufank vum russeschen Ugrëffskrich prioritär am Raum.
Dat bréngt den Dag
Eng nei Editioun vum Polindex, méi Beweegung am Alldag an de wirtschaftlechen Aspekt vun der Weltausstellung

Schwaarz-Rout Koalitioun an Däitschland: Wéi warscheinlech ass eng Groko?
An Däitschland wäert de Kanzlerkandidat vun CDU/CSU, de Friedrich Merz, mat der Bildung vun enger neier Regierung beoptragt ginn. Dem Walresultat no ass kloer: Schwarz-Rout ass rechnerësch méiglech. D’Danièle Weber an de Matthias Kirsch, déi d’Bundes

Léiwer renovéiere wéi ofrappen an nei bauen
Eng europäesch Petitioun wëllt d'Politik opfuerderen derfir ze suergen, datt d'Renovatioun vun existenten Haiser d'Reegel gëtt.

SPD um Déifpunkt
D’SPD muss hiert bis elo schlechtst Resultat verkraften. An der Parteizentral koum keng Feierstëmmung op.

3 Joer Krich an der Ukrain
De Lëtzebuerger Daniel Porcedda huet virun dräi Joer mat senger Fra d'Ukrain misse verloossen. Hie vermësst seng zweet Heemecht, wou hie 24 Joer laang gelieft huet.

Walpann zu Tréier
D'Wieler konnten hir Stëmm fir Kandidaten ofginn, déi si guer net kannt hunn.
