Wéi all Dag zanter dem Ufank vun der Berlinale schalte mir live op Berlin, wou de Jeff Schinker eis Updates zum Concours gëtt. Haut sinn och zwee Filmer dobäi, déi ee ganz geschwënn zu Lëtzebuerg ka gesinn: “Rose” vum Markus Schleinzer an “Nina Roza” vun der Geneviève Dulude-de Celles lafen an zwou Wochen och um LuxFilmfest. Dernieft beschwätz de Jeff Schinker "At the Sea" vum Kornel Mundruczo, "We’re All Strangers" vum Anthony Chen a "Meine Frau weint" vun der Angela Schanelec.
arrow_back_ios
Kultur
Berlinale: La vie en rose
Lauschteren
play_arrow
headphones
15 min
mic_none
Presentéiert vum
- Jeff Schinker
Episoden
Traduki - Literatur verbënnt
En europäescht Netzwierk, dat de Südoste vun Europa mam däitschsproochege Raum verbënnt.
Nei am Kino
Een Iwwerbléck vun den neie Filmer fir dës Woch
Tina Gillen - Flying Mercury
Een Interview mat der Tina Gillen iwwer hir Wierker aus der Ausstellung "Flying Mercury"
D'Wuert vun der Woch
D'Geschicht vum Wuert "Geschicht"
Judith Hermann: laanscht d'Liewe schreiwen
An hirem autobiografesche Buch "Wir hätten uns alles gesagt" geet Judith Hermann fir d'éischt op weesentlech Aspekter vun hirem Liewen an.
Entendu et approuvé
Mat "Please Disperse" stellt d'Formatioun Tele-Port ronderëm de Pol Belardi, Jeff Herr, Jerôme Klein a Zhenya Strigalev hir nei Plack vir.
Nei Filmer
Vun enger Wüüst am Joer 1955 bis an een zäitgenëssescht Japan: déi nei Kinosaffiche fir dës Woch deit op eng gewëss Rees hin.
D'Gintare Parulyte iwwer den Echange am Theater
Déi lëtzebuergesch Autorin, Regisseurin a Schauspillerin Gintare Parulyte erkläert, firwat den Theater esou besonnesch fir si ass.
Wuert vun der Woch: Walen
Wale sinn eng komplex a villschichteg Affär. Vläicht well d'Wuert "Walen" komplex a villschichteg Originnen huet?
Robert Pfaller: Woke vu lénks bekämpfen
Essai fir Essai entlarvt den éisträichesche Philosoph Robert Pfaller d'Infantiliséierung vun de Mënschen ënner dem Neoliberalismus.