arrow_back_ios

E puer Wierder iwwer Wierder

Dës Kéier geet et ëm Zänn, déi laang sinn a wat dat mat Karies ze dinn huet.


S: D’Caroline Döhmer ass Proff fir lëtzebuergesch Grammaire an Orthografie op der Uni Lëtzebuerg an erzielt eis - wéi den Numm vun der Emissioun et scho verréit – "E puer Wierder iwwer Wierder“. Gudde Mëtteg Caroline!

C: Moien alleguer, moie Simon!

S: Haut hues de wéi ee Wuert fir eis?

C: Dat Wuert, wat ech haut matbruecht hunn, ass Zant. An zwar hat ech d'Spréchwuert gelies “laang Zänn kréien” oder “dat dote mécht d’Zänn laang”. An do hunn ech mer geduecht, mee wéi kënne Saache laang Zänn maachen? A firwat ass et ‘Zant’ hanne mat T, obwuel mer am Däitschen ‘Zahn’ ouni T hunn? An dat kucke mer eis elo un.

S: An duerfir leeë mer lo lass.

C. Sou ass et! Am germanesche Vergläich ass am Fong dat Standarddäitscht opfälleg, dass et keen T hannen huet (Zahn), well wa mer eis déi aner Sproochen ukucken, hu mer am Engleschen ‘Tooth’, dat heescht och hannen hu mer do en dentale Konsonant – witzeg, dental, well mer de Laut um Zant artikuléieren, mee och well et ëm Zänn geet! – a mir hunn am Hollänneschen tand an och am Schwedeschen ass et tand. (béid: T A N D).

Do si mer guer net méi esou wäit ewech vum Lëtzebuergeschen Zant!

S: An den Z vir?

C: Ha, do hu mer déi schéin zweet germanesch Lautverschibung, déi aus T en Z gemaach huet a verschiddenen däitsche Varietéiten! Wéi bei tongue an Zong, ten an zéng, tick an Zeck an esou weider! Dat si sou genannt lautlech Gesetzer oder Lautgesetzer.

S: A jo, cool!

C: Zéreck bei eisen Zant. Ahd. zan(d), also am 8. Jh., mat der Bedeitung ‘vorspringender zackenartiger Teil, Zacke’. A mer fanne schonn eng indoeuropäesch Wuerzel *dont-, *dṇt- fir den ‘Zant’ (mat Dental!). Dat gesi mer och am Latäin (dēns, Genitiv dentis).

S: A wat ass elo mat de laangen Zänn?

C: Hei geet et ëm eppes Optesches: An zwar ginn am Fong net d' Zänn méi laang, mee se gesi méi laang aus, well d' Zännfleesch sech zréckzitt. Also nach eng Kéier d'Grond-Iddi: Laang Zänn kréien, bedeit, dass ech mech esou ernäert hunn, dass mäin Zännfleesch zréckgeet. An dat ass eppes Schlechtes. Well wéini geet d' Zännfleesch zréck?

S: Mam Alter?

C: Jo, dat och, mee och mat der Ernärung, haaptsächlech am Zesummenhang mat Zocker a mat Saier. Also alleguer déi, déi vun hirem Zänndokter oder hirer Zänndoktesch ëmmer gepriedegt kréien, dass se solle manner Zocker a manner Saier zou sech huelen. Dat ass schonn am lëtzebuergesche Spréchwuert ‘laang Zänn kréien’ oder ‘Zänn laang maachen’ scho festgeluecht. Et ass jo sou, dass den Zocker u sech selwer d'Zänn net futti mécht, mee mir hu Kariesbakterien, déi sech vun Zocker ernären. An déi huelen den Zocker a verstoffwiesselen dat dann zu Saier. An et ass d' Saier, déi eisen haarden Zanschmelz futti mécht an do ass dann eng oppen Dier fir d'Zänn an Zännkrankheeten, plus Entzündungen um Zännfleesch. A wann dat sech zréckzitt, da gesinn d' Zänn einfach méi laang aus. An duerfir soe mer am Lëtzebuergeschen, dass d' Zänn engem laang ginn, wann een ze vill Schlechtes ësst, haaptsächlech Zockerhalteges oder Jus, wou Zocker a Saier direkt beieneekommen.

Dat kann awer och positiv sinn: ‘engem laang Zänn maachen’ kann heeschen, dass een eppes besonnesch gäre wéilt iessen! Mee mer wësse jo och all, dass séiss a salzeg Versuchungen eis ulaachen, och wa mer wëssen, dass se net gesond sinn.

Simon, wat ass deng guilty pleasure bei Snacks? Also wou kanns du net laanschtgoen?

S: _________

C: Meng ass salzege Popcorn a sou gereechert Mandele mat Salz oder Wasabi-Nëss. Ech kréie vum Zocker tatsächlech heiansdo d’Zänn wéi an dofir war dat hei eng Episod, mat där ech mech gutt identifizéiere kann!

S: Et huet eis gefreet, dass de eis nees e puer Wierder erkläert huet an domat soe mer der äddi a merci a bis geschwënn!

C: Ma merci och a mäi Schlusswuert ass: Äddi!

mic_none

Presentéiert vum

Episoden

A

Dës Kéier geet et ëm Aen an d’Variatioun een A oder een An. Donieft schwätze mir och iwwer "den" Éislek.
headphones

6 min

play_arrow

Geess

Dës Kéier geet et ëm Geessen an den 1. FC Köln. Donieft gëtt et och en Orthografie-Tipp.
headphones

6 min

play_arrow

Neelchen

Dës Kéier geet et ëm kal Fangeren, den Neelchen a Wierder, déi eis an anere Sproochen heiansdo feelen.
headphones

5 min

play_arrow

Verhütung

Dës Kéier geet et ëm den Ursprong vum Wuert Verhütung a seng Synonymmer. Donieft schwätze mir och iwwer den Hutt vun der Melania Trump.
headphones

6 min

play_arrow

Astig

Et geet haut ëm de Begrëff Astig (an aner Wierdermat -stig) a wéi dës Formen am Lëtzebuergesche landen.
headphones

5 min

play_arrow

Dännenzap

Et geet ëm Dännenzapen a firwat déi meeschtens näischt mat enger Dänn ze dinn hunn.
headphones

4 min

play_arrow

Grumm

Dës Kéier geet et bis an d’Hee! Et geet ëm Hee, Grumm an d’Konscht, d’Meteoaschätzen ze kënnen.
headphones

5 min

play_arrow

G-Punkt

Mir schwätzen iwwer de "G" am G-Punkt an entdecke Begrëffer bei der weiblecher Anatomie.
headphones

5 min

play_arrow

La ola

Dës Kéier geet et ëm La-ola-Wellen an onbewosst Verdueblungen.
headphones

6 min

play_arrow

Bordeaux

Dës Kéier geet et drëms, wéi d’Faarf bordeaux hiren Numm krut, a wat dat mat Ochseblutt ze dinn huet.
headphones

4 min

play_arrow

Veterinär

Et geet dës Kéier ëm al Déieren an den Ursprong vum Wuert Veterinär.
headphones

4 min

play_arrow

Rüg

Et geet ëm e Wuert, dat aus dem Däitsche kënnt, mee ganz à la française eriwwerkënnt. Donieft geet et och ëm Konsonanten.
headphones

4 min

play_arrow

Nonfoutisme

Et geet ëm Leit, déi näischt foutéieren a franséisch Wierder, déi eigentlech just nogebaut sinn.
headphones

5 min

play_arrow

Kompost

Dës Kéier geet et ëm Linguistik, Uebst a Kompost.
headphones

4 min

play_arrow

Aasch

Et geet ëm deen Allerwäertesten.
headphones

4 min

play_arrow

random

Et geet dës Kéier ëm random Froen, Musekslëschten an och d'Siri
headphones

4 min

play_arrow

Labello

Ee vu ville Beispiller, bei deenen de Markennumm benotzt gëtt fir e Produit ze beschreiwen.
headphones

4 min

play_arrow

Batti

An et geet ëm Ausdréck wéi Tutebatti oder Schnësskättien
headphones

4 min

play_arrow

net

Dës Kéier geet et ëm d'Negatioun an ëm e Phenomeen, dat Skopus heescht.
headphones

5 min

play_arrow

Shampooing

Dir gitt ënner anerem gewuer, wat den No-Poo-Trend ass.
headphones

5 min

play_arrow