Nodeems de leschten Album vun der éisträichescher Band komplett akustesch an um 1970er Gittare Sound inspiréiert war, komme mer beim neien Album rëm zeréck op Synthesizer, Auto-Tune a liicht hyperaktive Chaos. Dat huet sech och direkt mat der éischter Single Release am Juni vu “Push Reality “ageleet. An awer konnt sech kee richteg erwaarden, wat alles um neien Album ze héieren ass.
arrow_back_ios
Album vun der Woch
Bilderbuch – Unendlichkeit +1
Lauschteren
play_arrow
headphones
10 min
mic_none
Presentéiert vum
- Cally Kerschen
Episoden
Nilüfer Yanya - My Method Actor
Op hirem drëtten Album zerwéiert déi brittesch Musekerin hire soulegen Indierock a reechert dëse mat enger gudder Portioun Nonchalance un.
C'est Karma - How To Peel An Orange
Tëschent elektroneschem Pop a Gesellschaftskritik: Mat "How To Peel An Orange“ stellt déi Lëtzebuerger Musekerin C‘est Karma hiren Debut-Album vir.
Nick Cave and the Bad Seeds - Wild God
Op hirem 18. Album "Wild God“ zelebréieren Nick Cave and the Bad Seeds eng musikalesch Mass, an där si op ganz inspiréiert Manéier improviséieren.
Rosie Lowe - Lover, Other
Souleg, brachial a virun allem opulent - mat “Lover, Other” presentéiert déi brittesch Kënschtlerin Rosie Lowe een eklektesche Klangkosmos.
Foster The People - Paradise State Of Mind
Net méi just e One Hit Wonder, déi amerikanesch Indie-Pop-Band mëllt sech no enger Paus vu siwe Joer mat enger grousser a faarweger Plack.
Hamish Hawk - A Firmer Hand
Seng Lidder erziele Geschichten: De schottesche Singer-Songschreiwer Hamish Hawk begeeschtert mat "A Firmer Hand“, engem Konzeptalbum iwwer queer Bezéiungen.
Generéis bis an de Kär
Meshell Ndegeocello - No More Water - The Gospel of James Baldwin (Blue Note, 02.08.2024)
Alex Izenberg - Alex Izenberg and The Exiles
Op sengem véierten Album verbënnt deen amerikanesche Singer-Songwriter Retrosounds mat philosopheschem Storytelling.
RAH and The Ruffcats - Orile To Berlin
Tëschent Afrobeat a Soul, tëschent Nigeria a Berlin: Den Album "Orile To Berlin“ vun RAH & The Ruffcats passt perfekt an de Summer. Mat derbäi de Lëtzebuerger Perkussionist Jean-Luc Jossa.
Clairo - Charm
70s Soul a gebrachen Häerzer: op hirem drëtten Album “Charm” fënnt déi amerikanesch Musekerin Clairo hiren neie Sound.
Laughing - Because It's True
Laughing ass eng Supergroup aus Kanada, mat Membere vun Nap Eyes, Monomyth, Human Music a Fountains.
Loma - How Will I Live Without A Body
Am verschneiten engleschen Dorset ass den drëtten Album vum texaneschen Trio Loma entstanen. "How Will I Live Without A Body“ ass d‘Aarbecht vun enger Band, déi drop an dru war, ausernaner ze briechen.
Zsela - Big For You
Op hirem Debutalbum “Big For You” verbënnt déi amerikanesch Musekerin Zsela e Mix aus RnB an Indierock mat intimen Texter iwwer d’Léift.
Dumbo Tracks - Move With Intention
Eng eklektesch a kollaborativ Pop-Plack, déi mat ville Gaaschtmuseker:innen zu Köln entstanen ass.
John Grant - The Art of the Lie
Dee fréieren The Czars-Frontmann John Grant verschafft op sengem emouvanten neien Album "The Art of the Lie“ seng komplizéiert Bezéiung zu sengen Elteren – an zu senger Heemecht USA.
Bat For Lashes - The Dream Of Delphi
Deen neien a mëttlerweil sechsten Album vun der brittescher Kënschtlerin Bat for Lashes, op deem si hir nei Mammeroll mat duussen Ambientkläng illustréiert.
Richard Hawley - In This City They Call You Love
Op sengem neien Album "In This City They Call You Love“ setzt de Songschreiwer Richard Hawley senger Heemechtstad Sheffield e musikalescht Denkmal.
La Luz - News of the Universe
La Luz erkämpfe sech d‘Onbeschwéiertheet vu Plack zu Plack méi haart.
Beth Gibbons - Lives Outgrown
D‘Beth Gibbons kennt een als Stëmm vun der 1990er Band Portishead. Mat "Lives Outgrown“ stellt si hiren éischte Solo-Album vir.