D’EU wëll bis a véier Wochen en Accord fannen iwwert den nächsten EU-Budget. An da kann et sinn, datt all d’Länner en Deel vun hiren Tubaksaccisen un d’Europäesch Unioun mussen oftrieden. Lëtzebuerg wier dovu besonnesch staark betraff, d’Accise maachen zu Lëtzebuerg am Moment ronn annerhallef Milliard Euro pro Joer aus.
Lëtzebuerg ass do net frou driwwer - ma schéngt sech och net kategoresch dogéint ze wieren.
Wat bedeit déi nei europäesch Steier fir de Grand Duché ? Wéi déif misst Lëtzebuerg an d’Täsch gräifen? A kann de Premier bei de Verhandlungen nach eppes erausschloen?
Aschätzungen vun eiser EU-Korrespondentin Danièle Weber.