Soll d’EU eng eegen, eng Europäesch Arméi op d’Been stellen? Iwwert déi Iddi gëtt an der EU ëmmer nees diskutéiert. Och de Lëtzebuerger Premier huet se schonn e puer Mol an d’Spill bruecht.
D’Annonce vun den USA, massiv Truppen aus der EU ofzezéien, huet de Sujet nees op den Dësch bruecht. D’EU misst op dee Réckzuch duerch d’Opstellen vun enger europäescher Trupp entwerten, fënnt zum Beispill den EU-Kommissär fir d’Defense, den Andrius Kubilius.
Ma säin Appel ass net op Begeeschterung gestouss. Och net bei der Lëtzebuerger Arméiministerin.