Zënter dem Ufank vun der Woch ass de Conseilspresident António Costa op engem groussen Tour duerch déi europäesch Haaptstied: Säi Plang ass et, bannent den nächsten dräi Woche bei all de Staats- a Regierungscheffe vun de 27 Memberlänner vun der Unioun ze passéiere fir, wéi hie seet, hinnen nozelauschteren a sech ee Bild ze maachen iwwer hir Positiounen. Ee Sujet stécht dobäi besonnesch eraus: Den nächsten europäesche Budget, dee vun Ufank 2028 bis 2034 gëlle soll. Zil ass et, datt sech déi 27 EU-Länner bis Enn dës Joers iwwer déi Enveloppe vu bal 2 Billiounen Euro eens ginn. Dat ass ambitiéis, well aktuell ass een dovun nach wäit ewech. Den nämmlechte Sujet wäert haut iwwerdeems op enger anere Reunioun dominéieren: Den däitsche Kanzler Friedrich Merz, deen e fervente Verfechter dovun ass, den europäesche Budget ze kierzen, huet nämlech op Berlin invitéiert - op ee Mini-Sommet mat Regierungscheffen, déi d’nämmlecht denken.
An Zesummenaarbecht mat Euranet Plus, deem gréissten europäesche Radio-Reseau fir EU-Aktualitéit.