Bei de weiderhi ganz héijen Temperaturen dobausse souze gëschter um Kierchbierg d’EU-Ëmwelt-Ministere beieneen - fir op en Neits iwwer d’EU-Klimaziler ze diskutéieren.
Virun allem Däitschland, mee och verschidden osteuropäesch Länner stellen dat bis 2035 geplangten Enn vum Verbrenner-Motor weider a Fro. D’Europäesch Kommissioun hat bekanntlech am Dezember noginn an eng ofgeschwächte Versioun vun deem Verbuet proposéiert.
Mee och dat geet Berlin nach ze wäit. Aner EU-Länner, dorënner Frankräich oder och Lëtzebuerg, wëllen awer un ambitiéise Klimaziler festhalen. Den Debat ënner den Ëmweltministeren um Kierchbierg huet gewisen, wéi wäit d’Positioune weiderhin auserneeleien.