menu
close
Startsäit
Noriichten
Musek & Kultur
Programm & Playlist
Mediathéik
Iwwert den 100,7
Mäi Profil
close
Bookmarks
chevron_right
Abonnéiert Shows
chevron_right
Account-Astellungen
chevron_right
Conditiounen, Dateschutz a Cookies
Ofmellen
Startsäit
Noriichten
Musek & Kultur
Programm & Playlist
Mediathéik
Iwwert den 100,7
arrow_back_ios
Dagdeeglech
Radioprogramm
/ Dagdeeglech
/
share
facebook
email
Haut - 16h40
Geschicht
mic_none
Presentéiert vum
Simon Larosche
Episoden
166 Joer Feierwon
04.10.2025 - 07h15
De 4. Oktober 1859 ass vun der Stater Gare deen éischten Zuch hei am Land fortgefuer. An eng éischte Kéier d‘Lidd “De Feierwon“ virgedroen, ee Lidd vum Michel Lentz.
Italieeneschen Amarsch an Äthiopien
03.10.2025 - 16h40
Den 3. Oktober 1935 ass déi italieenesch Arméi an Äthiopien amarschéiert.
Virun 216 Joer koum de C. M. André op d'Welt
27.09.2025 - 07h15
Hie war Affekot a Procureur um Bezierksgeriicht vu Lëtzebuerg, souwéi och politesch aktiv an deen éischten Deputéierten, deen am Parlament op Lëtzebuergesch intervenéiert ass.
Déi éischt Presidentschaftsdebatt um Fernsee
26.09.2025 - 16h40
Viru 65 Joer gouf fir d’alleréischte Kéier eng Debatt tëschent 2 Presidentschaftskandidate live op der Tëlee iwwerdroen.
65 Joer fir de Fonsy Grethen
20.09.2025 - 07h15
Deen erfollegräichste Billard-Spiller, deen d‘Land kannt huet. A senger laanger Karriär gouf hie 5 Mol Weltmeeschter a 14 mol Europameeschter a verschiddene Disziplinnen.
Den éischte Ballon geet an d'Luucht
19.09.2025 - 16h40
Den 19. September 1783 loossen d'Bridder Mongolfière deen éischte Ballon an d'Luucht.
Virun 104 Joer koum de Jean Gremling op d'Welt
13.09.2025 - 07h15
Gebuer den 13. September 1921 zu Athus, war de Jean Gremling Affekot um Barreau zu Lëtzebuerg, a politesch bei der LSAP engagéiert souwéi President vun der Flamma.
Virun engem Joer huet de Max Dauphin säi Liewe verluer
06.09.2025 - 07h15
Den 6. September 2024 huet de Lëtzebuerger Kënschtler säi Liewen a Südfrankräich bei engem trageschen Autosaccident verluer.
Virun 139 Joer koum de Joseph Simon op d'Welt
30.08.2025 - 07h15
De Brauereisbesëtzer vu Wolz war politesch bei der Rietspartei engagéiert, der haiteger CSV an huet 48 Joer d‘Brasserie Simon geleet.
23.08.2025 - 07h15
Virun 80 Joer zweet Atombomm op Japan
09.08.2025 - 07h15
Virun 151 Joer koum den Emile Reuter op d'Welt
02.08.2025 - 07h15
De Grënnungsmember vun der Rietspartei an nom Zweete Weltkrich President vun der CSV war a senger politesche Karriär Staatsminister a Minister fir baussenzeg a bannenzeg Affären.
26.07.2025 - 07h15
Viru 67 Joer wënnt de Charly Gaul den Tour de France
19.07.2025 - 07h15
A senger Karriär huet de Charly Gaul, deen de 6. Dezember 2005 verstuerwen ass, 10 Etappen am Tour de France gewannen. Hie gouf “Ange de la Montagne" genannt.
Virun 113 Joer koum den Andy Felten op d'Welt
12.07.2025 - 07h15
Den 12. Juli 1912 koum an der Stad Lëtzebuerg de Lëtzebuerger Klarinettist, Flüttist, Saxofonist, Arrangeur a Komponist op d'Welt.
Viru 74 Joer éischt Verkéiersluucht zu Lëtzebuerg
05.07.2025 - 07h15
De 5. Juli 1951 gouf beim Pôle Nord, oder besser gesot op der Bréisseler Plaz, déi éischt Verkéiersluucht zu Lëtzebuerg opgestallt.
Virun 157 Joer koum de Batty Wercollier op d'Welt
28.06.2025 - 07h15
De Professer fir Skulptur an der Handwierkerschoul war Grënnungsmember vum Cercle artistique de Luxembourg a krut 1909 de Prix Grand-Duc Adolphe.
Virun 193 koum de Pierre Brasseur op d'Welt
21.06.2025 - 07h15
Den Notär an Industrielle Pierre Brasseur war engersäits Notär zu Esch an zu Déifferdeng an do dernieft als Industriellen am Stolsecteur aktiv.
40 Joer Accord vu Schengen
14.06.2025 - 07h15
De 14. Juni 1985 hunn um Schëff Marie-Astrid viru Schengen Vertrieder vu Lëtzebuerg, der Belsch, Holland, Frankräich an Däitschland d’Schengener Ofkommes ënnerschriwwen.
Referendum virun 10 Joer
07.06.2025 - 07h15
2015 wollt déi blo-rout-gréng Dräierkoalitioun an engem Referendum vum Lëtzebuerger Wieler eng Äntwert op 3 verschidde Froe kréien. All 3 Froe goufe majoritär mat Nee beäntwert.
«
4
5
6
7
8
»