Gebuer den 13. September 1921 zu Athus, war de Jean Gremling engersäits Affekot um Barreau zu Lëtzebuerg, anerersäits politesch bei der LSAP engagéiert, fir déi hien 12 Joer als Deputéierten an der Chamber an 20 Joer am Stater Gemengerot war. 1979 huet hie wéinst Differenze bei de Sozialisten demissionéiert an de PSI gegrënnt, de Parti socialiste indépendant. Hie war President vun der Société pour la propagation de l‘incéneration, Flamma, wou hie sech fir d‘Anäscherung an de Bau vun engem Krematorium zu Lëtzebuerg engagéiert huet. De Jean Gremling ass den 21. Abrëll 1996 gestuerwen.
arrow_back_ios
Dagdeeglech
Virun 104 Joer koum de Jean Gremling op d'Welt
Lauschteren
play_arrow
headphones
2 min
Episoden
Virun 117 Joer koum den Henri Maurice Schnadt op d'Welt
Lëtzebuerger Ingenieur
D'Eruewerung vu Konstantinopel
Den 29. Mee 1453 gëtt Konstantinopel vun den Osmanen eruewert, d'Enn vum ostréimesche Räich.
Déi éischt Weltmeeschterschaft am Rugby
Den 22. Mee 1987 huet déi éischt Weltmeeschterschaft am Rugby ugefaangen, ausgedroen an Australien an Neiséiland.
Virun 8 Joer ass de Camille Gira gestuerwen
Politiker vun Déi Gréng
Nylonstrëmp ginn an den USA fir en abordabele Präis ugebueden
Virdrun huet e Puer ëm déi 250 Dollar kascht. Well den Undrang esou grouss war, huet esouguer d'Police misse kommen, fir d'Situatioun ze berouegen.
Virun 78 Joer gouf d'Eisebunnsstreck Dikrech-Veianen zougemaach
14,11 Kilometer war se laang, d'Eisebunnsstreck Dikrech-Veianen, déi den 2. Mee 1948 zougemaach gouf.
Virun 199 Joer koum de Jean-Antoine Zinnen op d'Welt
Den Hubble-Teleskop kënnt bis an de Weltall
Dem Hubble-Teleskop hu mir ganz vill Entdeckungen ze verdanken. De 24. Abrëll 1990 gouf den Teleskop an de Weltraum geschoss.
Virun 103 Joer koum d'Yvonne Frisch-Urbany op d'Welt
Déi Lëtzebuerger Schrëftstellerin huet sech schonn a jonke Jore politesch engagéiert, genee wéi hire Brudder, dee fréiere KP-Deputéierte René Urbany.
D'Invasioun vun der Bay of Pigs
De 17. Abrëll 1961 lancéieren d'USA an d'Cuban Democratic Revolutionary Front eng Militäraktioun, fir déi kubanesch Regierung ze stierzen.
Virun 215 Joer koum den Emmanuel Servais op d'Welt
Lëtzebuerger Politiker an Auteur
Der Titanic hir éischt a lescht Rees
Den 10. Abrëll 1912 huet am englesche Southampton der Titanic hir éischt a lescht Rees ugefaangen.
Ermordung vum Martin Luther King Jr.
Haut (4.4.) op den Dag genee virun 58 Joer gouf de Martin Luther King Jr. erschoss.