arrow_back_ios
100komma7.lu
100komma7.lu
/ Invité:e vum Dag
Episoden
Nicolas Schmit
Nach vrum Summer soll en Gesetz gestëmmt gi fir Laangzäitchômeuren den Accès op den Aarbechtsmaart ze erliichteren. Den Aarbechtsminister erkläert.
Luc Tapella
Den "Institut luxemborgeois de régulation" feiert 20 Joer. Den Direkter erkläert d'Aufgabeberäicher vum ILR.
Guy Arendt
Virun engem Joer huet d'Regierung en Austausch lancéiert mat de Kulturschafenden. De Staatssekretär am Kulturministère zitt Bilan vum Suivi vun de Kulturassisen.
Marc Graas
De Beruff vum Psychotherapeut ass elo gesetzlech unerkannt. Mir froen de Generaldirekter vum Centre Hospitalier Neuro-Psychiatrique zu Ettelbréck wat dat fir d'Patienten heescht.
Xavier Bettel
15 Méint virun de Chamberwahlen schneiden d'Regierungsparteien an Ëmfroen schlecht of. Mir froen de Premier wéi d'Regierung d'Wieler awer nach wëllt op hir Säit zéien.
Tanja Zwanck
D'Presidentin vun der "Association du personnel de la police judiciaire" schwätzt iwwert d'Policereform an iwwert den Alldag vun der Kriminalpolizei.
Philippe Glaesener
Mir froen de Senior Vice President vun der SES, wéi de Satellittebedreiwer um chinesesche Marché wëllt aktiv ginn a wat d'Schwieregkeeten dobäi sinn?
Lea Bonblet
Mir froen d'Biologin vun "Natur an Ëmwelt" wéi extrem Temperature sech op d'Planzen- an Déierewelt zu Lëtzebuerg auswierken.
André Roeltgen
Den OGBL-President iwwert d'Themen, déi seng Gewerkschaft virun de Wahlen wëllt op den Agenda setzen.
Corinne Cahen
Zuel vun den Asyldemandë klëmmt. De Lëtzebuerger Flüchtlingsrot fuerdert eng besser Integratioun vun de Flüchtlingen. D'Ministerin hëlt Stellung.
Gregor Schusterschitz
Optakt vun de Brexit-Verhandlungen. Mat dobäi ass den éisträicheschen Ambassadeur zu Lëtzebuerg als Vertrieder vun Éisträich am Aarbechtsgrupp vum EU-Conseil.
Bruno Theret & Stéphane Menant
Nom zweeten Tour vun de franséische Parlamentswalen diskutéieren d'Vertrieder vun den Oppositiounsparteien iwwert d'Wahlresultat.
Viviane Reding
D'Roamingkäschten an der EU sinn ofgeschaf. Ee Grond fir ze feieren? Mir froen d'Europadeputéiert, déi d'Iddi 2004 lancéiert huet.
François Koepp
Am Gespréich mam Generalsekretär vun der Horesca geet et ëm déi nei Online-Plattform fir d'Vermaartung vun den Hoteller am Mëllerdall.
Sandra Visscher
Direktesch vun Unicef Lëtzebuerg iwwert d'Resultater vun der Enquête vun Innocenti, dem Fuerschungszenter vun der UNICEF.
Marc Hengen
De President vum Direktiounscomité vun der Associatioun vun de Lëtzebuerger Assurancëgesellschaften schwätzt iwwert d'Geschäft mat de Versécherungen.
Carlo Bock
De Kriibsspezialist ass Member vun der nationaler Kontrollkommissioun, déi d'Applicatioun vum Gesetz iwwer d'Euthanasie iwwerwaacht.
Denis MacShane
No de Parlamentswahlen a Groussbritannien zéie mer de Bilan vun de Wahlen mam Denis MacShane, dee fir d'Labourpartei tëscht 2002 an 2005 an der Regierung vum Tony Blair Europaminister war.
