arrow_back_ios
Bewosst Gesond
Alles ronderëm den Huewer
headphones
14 min
Lauschteren
play_arrow
Zu Lëtzebuerg gi pro Joer ëm 1.800 Hektar Huewer ugebaut.
"Dëse sougenannte Superfood kënnt leider vill ze seelen op eisen Teller a gëtt vu villen ënnerschat oder ganz einfach als langweileg ofgestempelt, dobäi kann en immens villsäiteg an der Kichen agesat ginn", seet d’Ernärungsberoderin Alexandra Schmit vun der Maison du Diabète. Huewer ass méi nährstoffräich wéi aner Kärenzorten, huet vill Ballaststoffer an Antioxidanten, déi den Häerzkreeslafsystem, de Cholesterol a Bluttzockerspigel positiv beaflossen.
mic_none
Presentéiert vum
- Angie Maquil