Et ass d'Ambitioun, d'Schoul weider ze entwéckelen an dobäi de Wäerter trei ze bleiwen. E Kachbuch ass geplangt, an deem Käch a Kächinne sech vun der lëtzebuergescher Gastronomie inspiréiere gelooss hunn, eenzel interessant Parcourse vu Käch a Kächinnen an d’Fënster stellt oder d’traditionell Rezepter presentéiert.
Och spillt de sensoreschen Analyselaboratoire eng wichteg Roll, deen ass schonn operationell an entwéckelt sech permanent weider fir nei pädagogesch a berufflech Méiglechkeeten opzemaachen.
Mam BTS Hospitality Management an dem DAP Restaurateur, engem engleschsproochege Programm vun dësem September un, erweidert d'Schoul och hir Ausbildungsoffer, fir de Bedierfnesser vun der Industrie gerecht ze ginn.
Dräi Projeten, déi den Engagement vun der EHTL fir Zukunft weisen. Invité ass den Direkter Michel Lanners