arrow_back_ios
Europa Aktuell
Belsch: Prozess wéinst Net-Anhale vu Klimaschutz-Engagementer
headphones
4 min
Lauschteren
play_arrow
An der Belsch si virun zéng Joer Dausende vu Bierger viru d‘Geriicht gaange, fir hir Regierung dozou ze forcéieren, hir Engagementer an der Klimapolitik anzehalen. An engem éischten Urteel goufen d‘Autoritéiten verurteelt, wéinst hirer « politique climatique négligente », ouni dat hinnen dobäi ee konkret Zil operluecht gouf. D‘Bierger sinn an Appell gaangen. Déi lescht Woch war déi lescht Audienz an deem Prozess. Elo gëtt op de Verdikt gewaart, den Ausgank ass Observateuren no ongewëss.