Biotop
Brockelcher - Choux de Bruxelles: kleng Vitaminn-Bommen
DE Rosenkohl/FR Chou de Bruxelles/EN Brussels sprout
Dëst Geméis brauch d‘Keelt fir säin onverkennbare Goût ze produzéieren. Eng Vitaminn-Bomm, de ganze Wanter iwwer frësch aus dem Gaart oder aus dem Geméisrayon. Et gëtt d‘Brockelcher a verschiddene Faarwen a Gréissten, an d‘Geméis kann op ganz vill Aart a Weise preparéiert a giess ginn. Wat dës Zort Kabes mat Bréissel ze dunn huet an datt ee vill Gedold brauch, éier ee kann am eegene Gaart recoltéieren, doriwwer schwätze mir haut mat der Danièle Keup vun de Liga Gaart an Heem.
"Fir dat et am Haus net ze staarkt no Kaabes richt, kann ee beim Kachen eng Zelleriesstang mat an d’Kachwasser leeën., oder eng Schlupp Mëllech oder e puer deck Nëss."
Verschidden Zorten:
Groninger : gréng, déck Réisercher
Hilds Ideal : gréng, fest Réisercher mat vill Recolte
Falstaff: blo violett, kleng Réisercher
Roodnerf : blo, besonnesch wanterhart
Presentéiert vum
- Angie Maquil