Europa Aktuell
COP28: d'Europäer (oneens) zu Dubai
D’UN-Weltklimakonferenz COP28 ass un. Iwwer zwou Woche gëtt zu Dubaï elo op en Neits versicht, d’Äerd-Erwäermung ze limitéieren an et gëtt - zum Beispill - doriwwer debattéiert, wéi a wéi séier een aus de fossillen Energië kann erausklammen. Méi wéi 200 Länner sëtze mat um Dësch. Och déi Europäesch Unioun ass natierlech vertrueden.
Den Olivier Hanrion kuckt a senger Europachronik mat enger Portioun Humor op d’Participatioun vun den Europäer op der COP28. Déi si sech nämlech ënnerteneen an hirer Zilsetzung net ëmmer esou eens.
Presentéiert vum
- Christiane Kleer