Biotop
D’Naturschutzgebitt Ellergronn mat senge Wanderweeër a Biotopen
11 min
Zwee Kilometer südlech vum Stadkär vun der Minettmetropol Esch-Uelzecht läit de Naturschutzzentrum Ellergronn, tëschent Bësch an Dréchewisen am Naturschutzgebitt mam selwechten Numm. Hei trëfft alles openeen, wat de Räichtum vum Lëtzebuerger Süden ausmécht: engersäits eng divers Natur an anerersäits
de Patrimoine vun der deemoleger Eisenindustrie.
Am Ellergronn ginn et nieft den naturpädagogeschen Aktivitéiten och Aktivitéiten, déi sech mat der Relatioun vu Mënsch, Natur an der Notzung vun den natierleche Ressourcë befaassen.
All Informatiounen zu den Ouvertureszäiten an den Aktivitéite fënnt een op www.nature.lu.
Invité am Studio ass de Pol Zimmermann, Responsabel vum Naturschutzzentrum Ellergronn.
Presentéiert vum
- Angie Maquil