Europa Aktuell
Deen Alen ass deen Neien
4 min
Den Dënschdeg huet de Bayresche Landtag de Markus Söder zum Ministerpresident zeréckgewielt, hie krut am éischte Walgank déi néideg einfach Majoritéit. De Koalitiounsvertrag haten CSU a Freie Wähler scho fënnef Deeg virdrun ënnerschriwwen, keng dräi Wochen no de Landtagswahlen. An domadder och hir Streidereien aus dem Walkampf mol op Äis geluecht. Genuch Sträitpotenzial gëtt et an der bayrescher Koalitioun trotzdeem - obwuel de Juniorpartner ëm de Parteichef Hubert Aiwanger e puer grouss Verhandlungsziler erreecht huet.
Presentéiert vum
- Matthias Kirsch