Biotop
Fro däi Coiffeur
8 min
Klimawandel, Ëmweltverschmotzung oder Iwwerkonsum sinn nëmmen e puer vu ville wichtegen Ëmwelttheemen, mat deene sech d’Ëmweltberodung befaasst. Déi Theeme ginn ëmmer méi wichteg an eiser Gesellschaft, trotzdeem ass nach vill Sensibiliséierungsaarbecht néideg. Mee wéi kritt een esou Theeme méi no u Leit bruecht?
De Projet “Fro däi Coiffeur” soll dobäi hëllefen.
Mir schwätze mam Adrien Flammang, Projetkoordinator bei der Ëmweltberodung Lëtzebuerg ASBL iwwer de Projet, wat d’Zil ass, a wéi e funktionéiert.