Bewosst Gesond
/ Fuddermëttelkontroll: Iwwerwaachung vun der Fuddermëttelsécherheet fir Notz- an Hausdéieren
Fuddermëttelkontroll: Iwwerwaachung vun der Fuddermëttelsécherheet fir Notz- an Hausdéieren
14 min
D’ALVA gouf gegrënnt fir d’Sécherheet vun der ganzer Liewensmëttelketten zu Lëtzebuerg ze kontrolléieren, ganz nom Motto “vum Greef bis bei d’Forschette”, dat heescht déi éischt Etapp déi dozou gehéiert ass de Fuddermëttelsecteur.
Esou wéi am Liewensmëttelbaräich ass et och an der Fuddermëttelketten esou, datt d’Betriber dofir suerge mussen, datt déi Fuddermëttelen, déi si op de Maart bréngen, sécher si fir d’Déieren. D’ALVA iwwerwacht dann, ob d’Fuddermëttelsécherheet bei all de Betriber, déi mat Fuddermëttelen ze dinn hunn, agehale gëtt: op de Bauerebetriber, bei de Fuddermëttelhiersteller an -händler, beim Transport, bei de mobille Millen, déi op d’Bauerebetriber fueren, fir do Fuddermëttelen ze muelen an ze mëschen, beim Import an Export aus der EU.
D’Sécherheet vun de Fuddermëttelen ass engersäits wichteg fir ze verhënneren, datt d’Déiere krank ginn, an anerersäits fir ze verhënneren, datt Schadstoffer iwwer Fuddermëttelen an d’Liewensmëttelkette kommen.
Wéi genee schafft d'ALVA am Beräich Fuddermëttelkontroll?
Wat gëtt wéi heefeg analyséiert?
D'Dr. Caroline Merten, directrice adjointe, ass am Studio fir dës Froen ze beäntwerten.
Presentéiert vum
- Angie Maquil