Biotop
Gedankefloss: Philosophéieren iwwer Ëmwelttheemen
7 min
“Gedankefloss“ ass en innovative Projet, bei deem philosophesch Gespréichsronnen organiséiert ginn, fir Ëmweltfroen ze diskutéieren. D’Participantë ginn agelueden zesummen iwwer déifgräifend Froen nozedenken, wéi z. B. Sollte mir zu Lëtzebuerg en Deel vun eisem Confort opginn, fir d’Ëmwelt ze schounen?“ oder Ass de Mënsch méi wichteg wéi déi aner Liewewiesen op eisem Planéit?.
D’Philosophie ergänzt d’Wëssenschaft do, wou se keng Äntwerte brénge kann.
Et ass eng Geleeënheet, wichteg Theemen ze erfuerschen an zesummen nohalteg Léisunge fir eis Zukunft ze entwéckelen. D’Zil vum Projet ass et, en oppenen Dialog iwwer déi verschidden Aspekter vun den Ëmweltproblemer ze fërderen. Duerch d’Kombinatioun vu wëssenschaftleche Fakten a philosopheschen Iwwerleeunge sollen nei Perspektiven entwéckelt a gemeinsam Léisunge fonnt ginn.
Invité ass de Gil Kirchen, Projetkoordinator bei der Ëmweltberodung Lëtzebuerg a.s.b.l.
Presentéiert vum
- Angie Maquil