arrow_back_ios

One World

100komma7.lu / One World

/ Groove & more

Groove & more

Lauschteren play_arrow
headphones

57 min

Den engleschen Duo Zero 7 besteet aus zwee Touningenieuren, den Hanry Binns a Sam Hardaker, déi Enn den 90er Zero 7 gegrënnt haten an zesumme mat hire Invitéen e positiven, vun der Sonn genierte Sound geschafen hunn.

UFO steet fir United Future Organization, en Nu-Jazz-Trio mat de Japaner Tadashi Yabe an Toshio Matsuura zesumme mam Fransous Raphael Sebbag …

Oneness of Juju ass eng Formatioun ronderëm de Saxofonist a Flüttist James Branch. Mir tauchen an an déi excellent Anthologie “African Rhythms” mat Material vun 1970 bis 82. De Grupp connectéiert Jazz mat R&B a Funk, iwwer de Wee vun afrikanesche Rhythmen a Spiritualitéit.

“Fishing for Accidents” heescht dee leschten Album vum franséische Produzent Wax Tailor. Ausgangspunkt vun dësem Lidd ass e Saz vum Orson Welles, deen d’Notioun vum Accident am kreative Prozess evoquéiert …

Dräi bekannt Museker beieneen héiere mir um Album “Jazz Is Dead 002”: de Roy Ayers: Funk-, Soul- an Jazz-Komponist, souwéi de Vibrafonspiller Ali Shaheed Muhammad: Hip-Hop-DJ, Plackeproduzent, Rapper a Bass-Gittarist an den Adrian Younge: Komponist-Arrangeur a Museksproduzent.

D’Muriel Grossmann ass eng éisträichesch Jazz Komponistin, si spillt de Saxofon an huet mat ville renomméierte Leit zesummegespillt, dorënner e Joachim Kühn. Mir lauschteren hiren Album “Universal Code”, en Disk, dee virun engem gudde Joer erauskoum.

Den Amerikaner Cedric Burnside ass effektiv Famill mam grousse Bluesmann RL Burnside, mat deem hien och nach zesummegespillt huet. Mir entdecke säin Album “I Be Trying”.

De PM Warson huet no enger Serie vu selwer produzéierte Singelen 2021 de Volllängt-Album “True Stories” verëffentlecht. Hei héiere mir eng Kombinatioun vu Vintage R&B a Soul, déi souwuel dem Public, wéi och de Kritiker gefält.


Playlist:

1Zero 7 - Today (feat. José Gonzalez) - The Garden

2. Bantu Clan vs. Sarabi - Africa Ni Leo (Esa & Nonku Phiri Kaap Mix) - Future Sounds of Jazz Vol. 15

3. United Future Organization - Good Luck Shore - Bon Voyage

4. Oneness of Juju - Be About the Future - African Rhythms 1970-1982

5. Jazzanova - Face At My Window (Kyoto Jazz Massive Remix) - Face At My Window (Kyoto Jazz Massive Remixes)

6. Wax Tailor - Shaman In Your Arms (feat. Jennifer Charles) - Fishing For Accidents

7. Ben Sidran - About Love - Feel Your Groove

8. Roy Ayers, Ali Shaheed Muhammad & Adrian Younge - Hey Lover - Jazz Is Dead 002

9. Muriel Grossmann - Essence - Universal Code

10. Jan Verstraeten - Survivor - Survivor - Single

11. Cedric Burnside - Gotta Look Out - I Be Trying

12. PM Warson - (Just) Call My Name - True Story

13. Avishai Cohen - Eleven Wives - Gently Disturbed

Episoden

Electro-Fusion

Elektro-Métissagen mat Soul, arabesche Kläng an R&B, inspiréiert Kollaboratiounen an atmosphäresch Klanglandschaften.
headphones

57 min

play_arrow

L’anghjuli (A-Filetta)

World-Fusioun aus de 90er a vun haut, en Hommage un de Grënner vum Mali-Empire, Vokal-Traditiounen an e legendäre Blues.
headphones

57 min

play_arrow

International

Vun Atmosphäresche Klanglandschaften bis zum Progressive Pop-Funk am Retro-Stil an e Mammut-Projet dee Süd-Afrika mat England verbënnt.
headphones

57 min

play_arrow

Experiments

Verschidde Stiler aus Latäin-Amerika, Renconteren tëscht de Genren a musikalesch Experimenter
headphones

57 min

play_arrow

"The Thread That Keeps Us" (Calexico)

Nei an onëmgänglech Disken, interessant Kollaboratiounen an Hannergrënn sichtbar gemaach.
headphones

56 min

play_arrow

Global Sounds with Roots

Zäitgenëssesch Kläng aus dem Sudan, dem Maghreb a Brasilien ... a rare Pärelen aus engem bekannte Gittarist senger Solo-Karriär
headphones

57 min

play_arrow

Here and Beyond

Nei Diske vu bekannten a manner bekannten Artisten, Rock, Singer-Songwriting mat sozial-kriteschen Aussoen a Reflexiounen an e Produzent, deen en onverkennbare "Touch" huet.
headphones

57 min

play_arrow

"You'll Have to Scream Louder" (Tindersticks)

Musek aus Äthiopien, aus dem Brasilie vun de 70er Joren a vun Haut, an nach e puer aner onëmgänglech Lidder déi de Bols vun der Zäit fillen.
headphones

57 min

play_arrow

"The Love Chapter: Lessons from a Human Heart" (Whitney Coleman)

Eng smooth Rees duerch d' Genren an en engagéierten Album.
headphones

57 min

play_arrow

World Gone Wrong

Musek aus Krisegebitter, Theemen iwwer d Fräiheet, dem Wonsch no Fridden an der Feststellung, datt den Himmel dach iwwerall déi selwecht Faarf huet ...
headphones

55 min

play_arrow

A Summer Soundtrack

Musek aus Brasilien, Argentinien, West-Afrika, Tunesien, Marokko ...

“Gravity Freeze“ (Little Barrie)

Nei spannend Disken, mir kréien e Virgeschmaach op d'Aktualitéit vun Helado Negro, Rodrigo y Gabriela, Saul Williams, Fiona Apple, Little Barrie, Beck ...
headphones

57 min

play_arrow

"La mezcla es lo puro. Lo puro está en la mezcla" (Hirahi Afonso)

D'Pionéier vun der afrikanescher World-Musek, de Blues aus der Sahara, e faméise Gittaren-Duo an en interessante Gedanke vun engem kanaresche Museker
headphones

57 min

play_arrow

Worldwide

R&B, Soul, Reggae ... an e puer Klassiker

Together we're stronger

Kollaboratiounen déi verdäitlechen, datt an der Zesummenaarbecht de musikaleschen Ausdrock u Räichtum a Freed gewënnt.
headphones

56 min

play_arrow

New Tracks

Lauter Aktualitéiten dës Kéier um Programm, déi vu Kim Gordon, Little Barrie, Jack White, Muse, Tricky, Helado Negro an och e Virgeschmaach op deen neien Album vun de Stones!
headphones

56 min

play_arrow

Festival de Wilz 2026

E Bléck op de Wëlzer Festival an e puer Nei-Verëffentlechungen

Summer’s coming

E Retour an d’70er Joren, gudde Singer-Songwriting an e puer exzellent Zesummenaarbechten
headphones

56 min

play_arrow

Home Songs

Musek aus Westafrika, Europa, dem Iran, Palästina, Amerika … an en Jazzdisk vun engem Rocker.
headphones

56 min

play_arrow

Womad - Gent Jazz Festival

Jamaika, Iran, Afrika an en Openthalt am australeschen Outback
headphones

58 min

play_arrow