De 15 Juli 2026 koum "Horns Of A Bull" vun der Fiona Apple eraus, Titelsong fir d'Apple Tv Krimi-Serie "Lucky".
Eng aner Aktualitéit ass "Leap Life", dem amerikaneschen Dichter, Rapper a Museker Saul Williams säin neien Disk deen den 28 August erauskomm ass. Et ass säin éischte richtege Solo-Studioalbum säit iwwer 7 Joer. Renomméiert Gaascht-Museker kommen hei och zu Wuert ...
De Bassist vun de Red Hot Chili Peppers Flea huet am Mäerz dëst Joer säin éischten eegestännege Solo-Album "Honora" verëffentlecht, Disk op deem eng ganz aner Säit vum Museker rauskënnt, an zwar seng Léift fir den Jazz.
"My Body is a Spacesuit" ass eng Metapher vun der brittescher Artistin AK Patterson fir déi emotional Distanz an Isolatioun ënnerhalb vun enger Bezéiung ze beschreiwen.
Ee Favorit vun dësem Joer ass Little Barrie hiren Album "Gravity Freeze". Déi psychedelesch a Garage-Rock Veteranen aus England mellen sech zréck mat hirem éischten Album als Little Barrie, säit dem Doud vun hirem Batteur Virgil Howe am Joer 2017.
"Keleketla!" ass de Mammut-Projet vum britteschen Elektronik-Duo Coldcut, dee Museker aus London, Süd-Afrika an Nigeria zesummegefouert huet.
Sharon Jones & The Dap-Kings hiren "This Land Is Your Land" ass eng Energie geluede Coverversioun vum Woody Guthrie sengem Lidd aus de 40er Joren. D'Melodie hat de Guthrie sech vun engem ale Gospel-Song ausgeléint an zwar vun der Carter Family hirem "When The World's On Fire" vun 1930.
Playlist:
01. Fiona Apple - Horns of a Bull - Soundtrack Lucky
02. Saul Williams - Conspiracy (feat. Moor Mother & Gonjasufi) - Leap Life
03. Kim Gordon - Play me - Play Me
04. Flea - Traffic Lights (feat. Thom Yorke) - Honora
05. AK Patterson - My Body is a Spacesuit - Mettle - EP
06. Steven Wilson - Eminent Sleaze - The Future Bites
07. Orange Dream - Egypt - Inside the Wave - EP
08. Little Barrie - Luggin' Hurt - Gravity Freeze
09. Tony Allen & Hugh Masekela - Jabulani (Rejoice, Here Comes Tony) - Rejoice
10. Keleketla! & Coldcut - International Love Affair (feat. Afla Sackey, Antibalas, Dele Sosimi, Ed ‘Tenderlonious’ Cawthorne, Gally Ngoveni, Nono Nkoane, Sibusile Xaba, Tamar Osborn, Thabang Tabane, Tony Allen & Tubatsi Moloi) - Keleketla!
11. Sharon Jones & The Dap-Kings - This Land Is Your Land - Just Dropped In (To See What Condition My Rendition Was In)
12. Leron Thomas & Cotonete - Day In Day Out - Single
13. Harold López-Nussa - Funky - Timba a la Americana
14. Lagos Thugs - Innocent Blood (Let It Be Known) - Straight from the Decks, Vol. 3