Voix d'auteurs
Jack Kerouac
E ganz besonnescht Buch zu Gaascht beim Jean Portante ... Vun engem Auteur, deen net dofir bekannt ass, op Franséisch ze schreiwen. Et handelt sech sech ëm den Jack Kerouac, eng vun den zentrale Figure vun der amerikanescher Beat Generation. 1952 schreift hien e Roman, deen den Titel “Sur le chemin” dréit. Net ze verwiessele mat sengem Kultroman “On the Road”. Neen, “Sur le chemin” huet de Kerouac op Franséisch geschriwwen, an zwar no “On the Road”. Just, datt keen dat wousst. Bis et, viru Kuerzem, entdeckt gouf. An Enn 2023 koum et bei Gallimard eraus.