Voix d'auteurs
Jean Rouaud - Flamboiement de la métaphore
De Jean Rouaud, deen 1990 mat sengem 1. Roman LES CHAMPS D'HONNEUR de Goncourt Präis krut, ass nees zu Gaascht beim Jean Portante. Mat sengem neie Buch FLAMBOIEMENT DE LA MÉTAPHORE, dat virun e puer Woche bei Gallimard erauskoum, invitéietrt eis de Rouaud, dee lues a lues dem Roman de Réck gedréint fir eng Prosa ze schreiwen, déi Lyrismus an Essai vermëscht, op eng spannend Rees duerch den Universum vun der Metapher, déi an de Grotte vun den éischte Mënschen ufänkt a vun der Poesie bis bei eis bruecht gouf. Dass do den Arthur Rimbaud am Mëttelpunkt steet, ass net verwonnerlech, mee och de Bob Dylan gehéiert zum Rouaud sengem metaphoresche Pantheon.