arrow_back_ios

One World

100komma7.lu / One World

/ Métissage

Métissage

Lauschteren play_arrow
headphones

55 min

Déi aussergewéinlech südkoreanesch Jazzsängerin Youn Sun Nah ass derbäi mat der Interpretatioun vu “Ghost Riders in the Sky”, e Lidd, dat meeschtens dem Johnny Cash kreditéiert gëtt, et soll awer aus der Fieder vum Stan Jones stamen, opgeholl 1949.

Den Album “Sunny Side Up” vu Slow Joe & the Ginger Accident ass d’Resultat vun der Renconter tëschent dem Inder Joseph Manuel Da Rocha (genannt Slow Joe) vu Goa an dem franséische Museker Cédric de La Chapelle.

Déi amerikanesch Pianistin, Sängerin a Komponistin Sarah McCoy huet och méi Influenzen, notamment den Jazz vun New Orleans.

De Komponist a Kontrabassist Simon Mary ass de Leader vu senger neier Formatioun Krystal Mundi an huet mam Album “Modal Morning” e klenge Bijou verëffentlecht: Arrangementer aus der Klassik, Improvisatioun an de Groove vum Jazz verbonne mat indeschen an anere World-Klangwelte maachen dës atypesch Kammermusek-Formatioun zu engem ganz spezielle Sound-Laboratoire.

D’Vermësche vun de Genren, d’Unhuele vun aneren Traditiounen héiere mir och bei Yalla Miku a Muito Kaballa …


Playlist:

1. Wild Belle - It’s Too Late - It’s Too Late /EP

2. La Yegros - Viene de Mi - Viene de Mi

3. Slow Joe & the Ginger Accident - Cover Me Over - Sunny Side Up

4. Youn Sun Nah - Ghost Riders in the Sky - Lento

5. Sarah McCoy - Devil’s Prospects - Blood Siren

6. Dez Mona - Beyond Redemption - Hilfe Kommt

7. Simon Mary & Krystal Mundi - Modal Morning (feat. Sissel Vera Pettersen) - Modal Morning (feat. Sissel Vera Pettersen)

8. The Hawds - See What You Started - The Hawds Greatest Flops Volume 1

9. Muito Kaballa - Luna (feat. Reinel Bakole) - Like a River

10. Yalla Miku - Tortije - Yalla Miku

11. Tom Urleena - Color My Pants - presents La Maison La Rue (Pure Lounge For Now People)

12. Guillaume Perret - Peace - A certain Trip

Episoden

Beats, Jazz & more

Hypnotesch, melancholesch, däischter oder grooveg Titelen aus verschiddene Genren.
headphones

55 min

play_arrow

From Now & Then

Neo-Soul, Surf-Rock, e Sënn fir Groove, Laid-Back instrumental-Titelen an e puer onëmgänglech Klassiker.
headphones

57 min

play_arrow

Electro-Fusion

Elektro-Métissagen mat Soul, arabesche Kläng an R&B, inspiréiert Kollaboratiounen an atmosphäresch Klanglandschaften.
headphones

57 min

play_arrow

L’anghjuli (A-Filetta)

World-Fusioun aus de 90er a vun haut, en Hommage un de Grënner vum Mali-Empire, Vokal-Traditiounen an e legendäre Blues.
headphones

57 min

play_arrow

International

Vun Atmosphäresche Klanglandschaften bis zum Progressive Pop-Funk am Retro-Stil an e Mammut-Projet dee Süd-Afrika mat England verbënnt.
headphones

57 min

play_arrow

Experiments

Verschidde Stiler aus Latäin-Amerika, Renconteren tëscht de Genren a musikalesch Experimenter
headphones

57 min

play_arrow

"The Thread That Keeps Us" (Calexico)

Nei an onëmgänglech Disken, interessant Kollaboratiounen an Hannergrënn sichtbar gemaach.
headphones

56 min

play_arrow

Global Sounds with Roots

Zäitgenëssesch Kläng aus dem Sudan, dem Maghreb a Brasilien ... a rare Pärelen aus engem bekannte Gittarist senger Solo-Karriär
headphones

57 min

play_arrow

Here and Beyond

Nei Diske vu bekannten a manner bekannten Artisten, Rock, Singer-Songwriting mat sozial-kriteschen Aussoen a Reflexiounen an e Produzent, deen en onverkennbare "Touch" huet.
headphones

57 min

play_arrow

"You'll Have to Scream Louder" (Tindersticks)

Musek aus Äthiopien, aus dem Brasilie vun de 70er Joren a vun Haut, an nach e puer aner onëmgänglech Lidder déi de Bols vun der Zäit fillen.
headphones

57 min

play_arrow

"The Love Chapter: Lessons from a Human Heart" (Whitney Coleman)

Eng smooth Rees duerch d' Genren an en engagéierten Album.
headphones

57 min

play_arrow

World Gone Wrong

Musek aus Krisegebitter, Theemen iwwer d Fräiheet, dem Wonsch no Fridden an der Feststellung, datt den Himmel dach iwwerall déi selwecht Faarf huet ...
headphones

55 min

play_arrow

A Summer Soundtrack

Musek aus Brasilien, Argentinien, West-Afrika, Tunesien, Marokko ...

“Gravity Freeze“ (Little Barrie)

Nei spannend Disken, mir kréien e Virgeschmaach op d'Aktualitéit vun Helado Negro, Rodrigo y Gabriela, Saul Williams, Fiona Apple, Little Barrie, Beck ...
headphones

57 min

play_arrow

"La mezcla es lo puro. Lo puro está en la mezcla" (Hirahi Afonso)

D'Pionéier vun der afrikanescher World-Musek, de Blues aus der Sahara, e faméise Gittaren-Duo an en interessante Gedanke vun engem kanaresche Museker
headphones

57 min

play_arrow

Worldwide

R&B, Soul, Reggae ... an e puer Klassiker

Together we're stronger

Kollaboratiounen déi verdäitlechen, datt an der Zesummenaarbecht de musikaleschen Ausdrock u Räichtum a Freed gewënnt.
headphones

56 min

play_arrow

New Tracks

Lauter Aktualitéiten dës Kéier um Programm, déi vu Kim Gordon, Little Barrie, Jack White, Muse, Tricky, Helado Negro an och e Virgeschmaach op deen neien Album vun de Stones!
headphones

56 min

play_arrow

Festival de Wilz 2026

E Bléck op de Wëlzer Festival an e puer Nei-Verëffentlechungen

Summer’s coming

E Retour an d’70er Joren, gudde Singer-Songwriting an e puer exzellent Zesummenaarbechten
headphones

56 min

play_arrow