Biotop
Ouni Pestiziden - Eng Alternativ fir Mënsch an Natur
6 min
Mam Klimawandel kommen och nei Challengen op eis an op d’Natur duer. Zemools fir eis Felder oder eis Planzen am Gaart kënne Verännerunge schlëmm Konsequenzen hunn. Niewent Wieder- an Temperaturverännerunge sinn och Krankheeten a Schädlingen ee grousse Problem. D’Äntwert schéngt hei jo da ganz einfach: Pestiziden, Fungiziden an aner Substanzen aus der cheemescher Industrie! Allerdéngs sinn dës Gëftstoffer keng laangfristeg Léisung a verursaachen zousätzlech Problemer.
Déi national Campagne “Ouni Pestiziden” ass sech dësem Problem bewosst a mécht sech et sech zanter 15 Joer zur Aufgab iwwer de Problem vum Pestizidegebrauch opzeklären an aktiv dorunner ze schaffe fir de Pestizidegebrauch zu Lëtzebuerg ze limitéieren.
Mam Adrien Flammang, Projetkoordinator bei der Ëmweltberodung Lëtzebuerg ASBL (EBL)
Presentéiert vum
- Angie Maquil