Dat Grousst a Ganzt, vun deem mir just ee klengen Deel sinn: D'Natur! Wat Natur iwwerhaapt ass, wéi d'Mënschen Natur begraff hunn a begräifen, a wéisou d'Relatioun Mënsch-Natur am 21. Joerhonnert ufänkt ze zerfalen, diskutéieren d'Nora Schleich an d'Annick Meiers, Permakulturgäertnerin.
arrow_back_ios
Philo am Gespréich
Philosophie an Natur
Lauschteren
play_arrow
headphones
48 min
Episoden
Philosophie a Sport
Wa mir Sport maachen, schéngt sech e ganz aneren Zougang zu eis an eisem Ëmfeld, souguer zu eiser Gedankewelt opzemaachen. Doriwwer schwätzt d'Nora Schleich mam Benoît Vervier.
Philosophie an Digitalitéit
D'Digitaliséierung - also dee Prozess, bei deem Analoges digital gëtt, schéngt in aller Munde, noutwendeg an disruptiv. Mee wat ass eigentlech domat gemengt?
Philosophie und Kritische Theorie
Mam Nils Köbel, Soziolog a Professer fir Pädagogik ginn d'Problemer mat der sougenannter "instrumenteller Vernunft" nogezeechent an iwwerpréift, ob déi rettend "kommunikativ Vernunft" net just en Idealbild ass.
Philosophie a Medien
Medie si quasi ëmmer present an trotzdeem schwéier ze gräifen.
Philosophie a Relioun
Mam Louis Berger (Redakter vu Kirche & Leben, Münster) schwätzt d’Nora Schleich ë. a. doriwwer, wat Relioun eigentlech ausmécht a wéini den einfache Glawen zur Relioun gëtt.
Philosophie a Politik
D'Politik ass dës Kéier am Studio fir sech philosophesch ze hannerfroen, an dëst a Persoun vu kengem anere wéi dem Jean-Claude Juncker
Philosophie a Schoul
D'Konzept Schoul am Mëttelpunkt: Wat ass Schoul? Wat soll se sinn, huet si ee politeschen Optrag? Oder awer een anthropologeschen?
Philosophie a Konscht
Mat der Nora Wagner, fräischaffend Kënschtlerin, gëtt diskutéiert, wéini et iwwerhaapt ëm Konscht geet, wat dat fir eis bedeite soll an a wéi enge Formen eis eppes als Konscht uschwätze kann.
Philosophie an Natur
Wat Natur iwwerhaapt ass, wéi d'Mënschen Natur begraff hunn a begräifen, a wéisou d'Relatioun Mënsch-Natur am 21. Joerhonnert ufänkt ze zerfalen, gëtt diskutéiert.
Philosophie a Spill
Wat bedeit Spille fir eist Mënsch-Sinn, a wéisou ka behaapt ginn, datt eis Kultur aus dem Spillen entstanen ass? Am Gespréich mam Erik Eschmann, dee faszinant Perspektiven zum Theema Spill matbréngt.