arrow_back_ios

One World

100komma7.lu / One World

/ September Sun

September Sun

Lauschteren play_arrow
headphones

56 min

Jean Jules Similien alias Toto Nécessité: hie kënnt aus dem Norde vun Haiti an ass ee vun den Artisten, déi d’Anthologie “Antilles chéries” virstellt. E gudde Choix vun Artisten, deen eis den Emile Omar hei proposéiert, hien ass ë. a Programmateur bei Radio Nova an hëlt eis mat dëser Compil mat op eng Rees duerch d’Antillen.

Vun der Sonn awer och vill Leed geniert ass d’Musek vun de Garifuna. Si sinn eng Mëschung vu freien Afrikaner an indigeene südamerikaneschen Awunner, déi hiren Ursprong hunn op der karibescher Insel Saint Vincent.

Psychedeelesche Rock aus Sambia vu Witch, eng Band, déi an de 70er Jore gegrënnt gouf, a “Waile” ass dat éischt neit Lidd zanter 1984 mam originale Frontmann vun deemools, dem Emmanuel 'Jagari' Chanda.

Aus dem Mali erreecht eis den neien Album “Diré” vum Idrissa Soumaoro. Hien ass e Meeschter vun der ngoni, e Säiteninstrument, eng traditionell westafrikanesch Gittar.

Déi amerikanesch Harfistin Brandee Younger vermëscht d’Traditioune vun hirem Instrument mat Jazz, Soul, Funk an och klasseschen Influenzen. Hiren Album “Brand New Life” vun dësem Joer ass en Hommage un d’Dorothy Ashby, eng aner schwaarz Musekerin op dësem Instrument, déi tëschent 1932 an 1986 gelieft huet.

De Fabrice Franck Henri, besser bekannt als Guts, ass e geschaten Dj an e richtege Museks-Archeolog an de Beräicher Hip-Hop, Downbeat, Funk, Soul a Global Groove. Eng weider “Straight From The Decks” Compil, de Vol 3 hu mir hei opleie mat e puer Pärelen an Decouvertë … en excellente Mix, deen de Guts hei proposéiert!

Den hollänneschen Duo Donna Blue léist mat sengem Debut Album “Dark Roses” eng Musek erkléngen, déi un e Soundtrack erënnert …

De Soundtrack vum David Lynch senger Tëleas-Serie “Twin Peaks” ass eng B.O., déi vum Angelo Badalamenti geschriwwe gouf a fir d’éischt den 11. September 1990 vu Warner Bros verëffentlecht gouf.

Den Angelo Badalamenti ass an enger anerer schéiner Kollaboratioun ze héieren, déi an den 90er erauskoum ënner dem Numm “Booth & The Bad Angel”.

Playlist:

1. Toto Necessitè - Cail la mandé rousé - Antilles chéries

2. The Garifuna Collective - Black Catbird - A Guide to the Birdsong of México, Central América & the Caribbean

3. Nora Kamm - Sensible (feat. Salimata Traore) - One

4. Witch - Waile - Waile

5. Idrissa Soumaoro - N’den Tedi - Diré

6. Adam Baldych & Yaron Herman - June - The New Tradition

7. Brandee Younger - Running Game - Brand New Life

8. Vincent Segal, David Walters, Ballaké Sissoko & Roger Raspail - Freedom - Nocturne

9. Lagos Thugs - Innocent Blood (Let It Be Known) - Straight from the Decks, Vol. 3 (Guts Finest Selection from His Famous DJ Sets)

10. Donna Blue - Cup of Time - Dark Roses

11. Julee Cruise - Into the Night - Twin Peaks (Soundtrack From)

12. Tim Booth & Angelo Badalamenti - Dance of the Bad Angels - Booth and the Bad Angel

Episoden

Electro-Fusion

Elektro-Métissagen mat Soul, arabesche Kläng an R&B, inspiréiert Kollaboratiounen an atmosphäresch Klanglandschaften.
headphones

57 min

play_arrow

L’anghjuli (A-Filetta)

World-Fusioun aus de 90er a vun haut, en Hommage un de Grënner vum Mali-Empire, Vokal-Traditiounen an e legendäre Blues.
headphones

57 min

play_arrow

International

Vun Atmosphäresche Klanglandschaften bis zum Progressive Pop-Funk am Retro-Stil an e Mammut-Projet dee Süd-Afrika mat England verbënnt.
headphones

57 min

play_arrow

Experiments

Verschidde Stiler aus Latäin-Amerika, Renconteren tëscht de Genren a musikalesch Experimenter
headphones

57 min

play_arrow

"The Thread That Keeps Us" (Calexico)

Nei an onëmgänglech Disken, interessant Kollaboratiounen an Hannergrënn sichtbar gemaach.
headphones

56 min

play_arrow

Global Sounds with Roots

Zäitgenëssesch Kläng aus dem Sudan, dem Maghreb a Brasilien ... a rare Pärelen aus engem bekannte Gittarist senger Solo-Karriär
headphones

57 min

play_arrow

Here and Beyond

Nei Diske vu bekannten a manner bekannten Artisten, Rock, Singer-Songwriting mat sozial-kriteschen Aussoen a Reflexiounen an e Produzent, deen en onverkennbare "Touch" huet.
headphones

57 min

play_arrow

"You'll Have to Scream Louder" (Tindersticks)

Musek aus Äthiopien, aus dem Brasilie vun de 70er Joren a vun Haut, an nach e puer aner onëmgänglech Lidder déi de Bols vun der Zäit fillen.
headphones

57 min

play_arrow

"The Love Chapter: Lessons from a Human Heart" (Whitney Coleman)

Eng smooth Rees duerch d' Genren an en engagéierten Album.
headphones

57 min

play_arrow

World Gone Wrong

Musek aus Krisegebitter, Theemen iwwer d Fräiheet, dem Wonsch no Fridden an der Feststellung, datt den Himmel dach iwwerall déi selwecht Faarf huet ...
headphones

55 min

play_arrow

A Summer Soundtrack

Musek aus Brasilien, Argentinien, West-Afrika, Tunesien, Marokko ...

“Gravity Freeze“ (Little Barrie)

Nei spannend Disken, mir kréien e Virgeschmaach op d'Aktualitéit vun Helado Negro, Rodrigo y Gabriela, Saul Williams, Fiona Apple, Little Barrie, Beck ...
headphones

57 min

play_arrow

"La mezcla es lo puro. Lo puro está en la mezcla" (Hirahi Afonso)

D'Pionéier vun der afrikanescher World-Musek, de Blues aus der Sahara, e faméise Gittaren-Duo an en interessante Gedanke vun engem kanaresche Museker
headphones

57 min

play_arrow

Worldwide

R&B, Soul, Reggae ... an e puer Klassiker

Together we're stronger

Kollaboratiounen déi verdäitlechen, datt an der Zesummenaarbecht de musikaleschen Ausdrock u Räichtum a Freed gewënnt.
headphones

56 min

play_arrow

New Tracks

Lauter Aktualitéiten dës Kéier um Programm, déi vu Kim Gordon, Little Barrie, Jack White, Muse, Tricky, Helado Negro an och e Virgeschmaach op deen neien Album vun de Stones!
headphones

56 min

play_arrow

Festival de Wilz 2026

E Bléck op de Wëlzer Festival an e puer Nei-Verëffentlechungen

Summer’s coming

E Retour an d’70er Joren, gudde Singer-Songwriting an e puer exzellent Zesummenaarbechten
headphones

56 min

play_arrow

Home Songs

Musek aus Westafrika, Europa, dem Iran, Palästina, Amerika … an en Jazzdisk vun engem Rocker.
headphones

56 min

play_arrow

Womad - Gent Jazz Festival

Jamaika, Iran, Afrika an en Openthalt am australeschen Outback
headphones

58 min

play_arrow