Europa Aktuell
Spuenien: President vu Katalounie virverleet iwwerraschend Walen
3 min
De President an Onofhängegkeetskämpfer Pere Aragones wollt seng Amtszäit eigentlech bis zu Enn duerchzéien, mee säin neie Budget koum am katalanesche Parlament net duerch. Dofir huet hien onerwaart d’Parlament direkt opgeléist.
Fir de spuenesche Regierungschef Pedro Sanchez ass et wéi en éiwegen Neiufank. Nodeems hien am November no véier Méint Verhandlunge mat de lénke Parteie gewielt gouf, befënnt hie sech elo erëm am Walkampf. Dës Kéier ass d’Zil Kandidate vun der sozialistescher Partei un d’Spëtzt vu Katalounien ze wielen.