arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ 185.000 Puppelcher sollen tëschent de 50er a 70er Joren zwangsadoptéiert gi sinn

Groussbritannien

|
reading time

2 min

headphones

2 min

play_arrow

185.000 Puppelcher sollen tëschent de 50er a 70er Joren zwangsadoptéiert gi sinn

A Groussbritannie goufen an der Nokrichszäit Dausende vu Puppelcher vu Mammen ewechgeholl an zur Adoptioun fräigesat. De Grond: D‘Frae waren net bestuet. Elo fuerderen Deputéierten, datt de Staat sech entschëllegt. De Premier Keir Starmer weist sech bereet. 

reading time

2 min

headphones

2 min

play_arrow
© Adobe Stock
(Foto: Adobe Stock)

Et ass ee Skandal, deen Dausende vu Fraen a Kanner betraff huet.

Tëschent 1949 an 1976 si schwanger Fraen, déi net bestuet waren, a reliéis Institutioune geschéckt ginn, fir do hir Bëbeeën op d‘Welt ze bréngen. Hir Kanner hu si allerdéngs ni méi rëm gesinn, well kuerz no der Gebuert krute si déi ewechgeholl. Ongeféier 185.000 Puppelcher sinn esou zwangsadoptéiert ginn.

Staat huet Heemer finanzéiert

Déi brittesch Regierungen hu bis elo ëmmer betount, datt de Staat bei dësen Zwangsadoptiounen keng Roll gespillt huet, trotz Enquêtë vu Journalisten, déi opgedeckt hunn, datt vill vun dësen Heemer vum Staat finanzéiert goufen.

E Bildungs-Ausschoss sot elo, datt eng formell an ëffentlech Entschëllegung wichteg wier, fir déi ëffentlech Duerstellung vun dësen Adoptiounen ze korrigéieren. Ministere sollen elo direkt mat den Iwwerliewenden un der Formuléierung vun der Entschëllegung schaffen.

Vill Mamme mat Trauma

An de Recommandatioune vum Ausschoss ass och, datt Iwwerliewender Zougang zu den Dossiere kréien, an datt si eng traumasensibel Gesondheetsversuergung kréien.

Wéi déif dësen Trauma ass, dat hunn Zeien ugangs Mäerz virum Ausschoss verdäitlecht.

"Hatt ass mir aus den Äerm geholl ginn a weidergereecht ginn. An hatt huet gejaut. Ech wuel och, ech weess et just net méi. An déi Woch drop hu si mech rëm an d‘Schoul geschéckt", esou sot eng Mamm.

Wales a Schottland hu sech schonn entschëllegt

De Keir Starmer seet, et géinge staark Argumenter gi fir eng ëffentlech Entschëllegung. Et misst eeben och op déi richteg Aart a Weis gemaach ginn.

Déi walisesch a schottesch Regierungen hu sech 2023 ëffentlech wéinst Zwangsadoptiounen entschëllegt, an déi kathoulesch Kierch an England a Wales huet dat 2016 gemaach.

Op eng Entschëllegung vum brittesche Staat waarden d‘Affer allerdéngs nach ëmmer.

 

play_arrow Lauschteren