Aus dem Pakistan gëtt de Reproche vu sech gewisen, d‘Klinik getraff ze hunn. Viséiert wiere militäresch Infrastrukture gewiescht.
Zënter Februar hu sech d'Attacken tëschent den afghaneschen Taliban an dem pakistanesche Militär intensivéiert. Pakistan huet den Taliban nämlech den "oppene Krich" erkläert.
D‘UNO-Hëllefsmissioun am Afghanistan mellt, datt zënter Enn Februar am Afghanistan op d‘mannst 75 Zivilisten an deem Konflikt ëm d‘Liewe komm wieren.
Déi zwee Länner, déi laang Zäit eng enk Bezéiung haten, sinn zënter der Zeréck-Eruewerung vu Kabul duerch d‘Taliban am Joer 2021 nees feindlech gesënnt.