arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Mord u Polizist: Ugekloten zu Saarbrécken fräigesprach muss awer an d'Psychiatrie

Däitschland

|
reading time

1 min

Mord u Polizist: Ugekloten zu Saarbrécken fräigesprach muss awer an d'Psychiatrie

D‘Geriicht huet hie just wéinst besonnesch schwéierem Iwwerfall verurteelt. De 19 järegen Mann muss awer an eng psychiatresch Klinik. E Polizist war am Summer zejoert bei engem Iwwerfall op eng Tankstell zu Völklingen erschoss ginn.

reading time

1 min

Justiz | © Bigstock / AndreyPril
Justiz (Foto: Bigstock / AndreyPril)

Um Landesgeriicht zu Saarbrécken ass haut um Mëttwochmoien d‘Urteel bekannt ginn am Prozess iwwert de Mord vun engem Polizist, leschte Summer. Den 19 Joer alen Ugekloten ass vun de Mordvirwërf fräigesprach ginn. D‘Geriicht huet hie just wéinst besonnesch schwéierem Iwwerfall verurteelt. De Mann muss awer an eng psychiatresch Klinik. 

Ugekloten net zourechnungsfäeg

Den Ugekloten hat am Summer zejoert bei engem Iwwerfall op eng Tankstell zu Völklingen e Polizist erschoss. Hie soll engem anere Polizist d‘Waff ewechgerappt hunn an domat e Police-Kommissär mat sechs Schëss ëmbruecht hunn. De jonke Mann hätt d‘Situatioun wéinst senger Schizophrenie a sengen Angschtzoustänn verkannt a wier dofir net scholdfäeg, esou d‘Riichterin.

De Parquet hat 13 Joer Prisong géint den Ugeklote gefrot an, datt hien an eng zoue Psychiatrie kënnt.