arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Messerpickerei zu Solingen: Zwee Männer missten noutoperéiert ginn

Däitschland

|
reading time

1 min

Messerpickerei zu Solingen: Zwee Männer missten noutoperéiert ginn

Zu Solingen bei Düsseldorf koum et gëschter zu enger Messerpickerei. Ee Mann vu 46 Joer hätt op zwee aner Männer vun 48 an 52 Joer agestach. Déi zwee Männer missten an der Klinik noutoperéiert ginn, hiren Zoustand wier elo stabil, esou den zoustännege Parquet.

reading time

1 min

Messer | © picture alliance / CHROMORANGE | Udo Herrmann
Messer (Foto: picture alliance / CHROMORANGE | Udo Herrmann)

De Verdächtege konnt, duerch den Asaz vun Tasere, festgeholl ginn. Him gëtt zwee Mol versichten Doutschlag virgeworf.

D'Hannergrënn fir d‘Dot sinn och haut nach net bekannt, esou nach den zoustännege Parquet